Connect with us

Questions parlementaires

Subventiounen vu Gemengen am Kader vun der Covid-19-Pandemie

Verschidde Gemengen hunn am Kader vun der Covid-19-Pandemie ee Programm opgestallt, fir iwwert d’Hëllefe vum Staat eraus weider Subventiounen un déi lokal Betriber ze verdeelen. Als Beispill: d’Gemeng Lëtzebuerg huet an hierem Gemengereglement ee „subside unique forfaitaire en faveur des commerces établis sur le territoire de la Ville de Luxembourg“ agefouert.  Wärenddeem hunn aner Gemengen decidéiert punktuell Hëllefen fir eenzel Betriber opzestellen. Verschidde Gemengen hunn esou zum Beispill deenen Entreprisen, déi Lokalitéite vun der Gemeng lounen, eng Reduktioun, voire een Erlooss vum Loyer accordéiert. An der Circulaire n° 3847 vum Inneministère un d’Gemenge schreift d’Inneministesch: ““La législation communale ne s’oppose pas à des mesures pareilles qui s’inscrivent dans les compétences du conseil communal auquel il appartient de régler tout ce qui est d’intérêt communal en vertu de l’article 28 de la loi communale modifiée du 13 décembre 1988. L’intérêt communal se définit communément comme comportant le nécessaire, l’utile et l’agréable de la collectivité locale. Il appartient dès lors au conseil communal de vérifier si les mesures de soutien financier qu’il envisage, rentrent dans sa compétence et comportent un intérêt pour la collectivité. Le cas échéant le conseil tiendra compte de ces critères pour déterminer les commerces, les entreprises ou les activités économiques éligibles.“”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Approche vu selektiven Hëllefen un eng limitéiert Zuehl vu Betriber konform mam Prinzipp, deen d’Ministesch an der Circulaire nennt („L’intérêt communal se définit communément comme comportant le nécessaire, l’utile et l’agréable de la collectivité locale.“), wann ee weess, datt d’Hëllef nëmme verschiddenen Entreprisen zegutt kënnt an net der Allgemengheet?

  2. Wéi eng Krittäre sinn entscheedend, fir datt d’Hëllefen dem Prinzip vum „intérêt communal“ entspriechen? 

  3. Missten d’Gemengeresponsabel virum Accord vu selektiven Hëllefen net och d’Situatioun vun der Entreprise op Basis vum Bilan, Finanzsituatioun a Maartundeel evaluéieren?

  4. Däerf d’Gemeng no Loscht a Laun d’Montante fir d’Hëllefe festleeën?

  5. Stelle selektiv Hëllefen (wéi zum Beispill eng Reduktioun vum Loyer fir eenzel Entreprisen) eng Verzerrung vun der Konkurrenz duer, wëssend, datt aner Entreprisen eidel aus esou enger Decisioun erausginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2666

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert