Connect with us

Questions parlementaires

Vertrieder a Gemengekommissiounen

Den Artikel 15 vum Gemengegesetz hält betreffend de consultative Kommissioune Folgendes fest: “« Le conseil communal peut constituer des commissions consultatives dont la composition, le fonctionnement et les attributions sont fixés par règlement d’ordre intérieur. Dans les communes qui votent d’après le système de la représentation proportionnelle chaque groupement de candidats est représentédans les commissions consultatives en fonction du nombre de ses élus au conseil. »” Et ass mir aus enger Gemeng hei am Land zougedroe ginn, dass verschidde Parteien a Gruppementer net an alle consultative Kommissioune kënne vertruede sinn. An dëser Gemeng sinn d’Vertrieder aus den Oppositiounsparteien gezwongen, fir sech d’Sëtz ënnerteen opzedeelen. Deemno ass net all Grupp an de Kommissioun repräsentéiert. Déi besote Gemeng interpretéiert d’Gemengegesetz esou, dass d’Sëtz an de Kommissioune proportional zu de Sëtz am Gemengerot definéiert ginn an deemno net all Partei oder Gruppement an all Kommissioun misst vertruede sinn.  An den nächste Woche gi vill Gemengeréit vereedegt an d’consultativ Kommissiounen zesummegestallt. Et wier dofir wichteg, dass hei an alle Gemengen déi selwecht Reegelen ugewannt ginn an Onkloerheeten aus dem Wee geraumt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi interpretéiert d’Inneministesch de Wuertlaut vum Artikel 15 vum Gemengegesetz? Muss all Partei oder Grupp, déi am Gemengerot vertruede sinn, an allen consultative Kommissioune vertruede sinn oder net? 

  2. Wäert d’Inneministesch zu dëser Thematik eng Circulaire un d’Gemengen erausschécken?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8138

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert