Connect with us

Questions parlementaires

Waardelëschten bei de Maisons relais a Crèchen

Am Koalitiounsaccord huet d’Regierung versprach, dass bis 2030 all Kand Zougang zu enger Betreiungsplaz an enger Maison relais oder Crèche ka kréien. An de leschte Jore gouf a ville parlamentaresche Froen op de Manktem u Betreiungsplazen, d’Auslaaschtung vun de Maisons relais an d’Vergab vun de Plazen higewisen. (z.B. n°6162 aus dem Joer 2022 oder n°2156 aus dem Joer 2025).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi héich schätzt d’Regierung den nationale Besoin u Betreiungsplaze bis 2030 an a wéi vill zousätzlech Plaze musse geschaf ginn, fir d’Zil aus dem Koalitiounsaccord z’erreechen?

  2. Huet d’Regierung mëttlerweil eng Iwwersiicht, wéi vill Kanner op de Waardelëschten an deene verschiddene Gemenge sinn?

  3. Wäert d’Reform vum CSA dofir suergen, dass bis 2030 keng Waardelëschte méi wäerten existéieren?  Falls d’Regierung dat net ka verspriechen, a wéi enge Gemenge riskéiert een nach 2030 Waardelëschten ze hunn a wéi vill Kanner wiere betraff?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4532

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert