Questions parlementaires
Käschtepunkt vun der Affär Lunghi
Den 3te Juni ass,no ronn 10 Joer (!), dat endgültegt Geriichtsuerteel an der Affär Lunghi geschwat ginn. An dësem Uerteel sinn déi fréier RTL-Journalisten souwéi den deemolegen RTL-Direkter komplett fräigesprach ginn. Dësen aussergewéinlech laange Geriichtsprozess vu ronn 10 Joer war virun allem fir déi elo fräigeschwate Persounen eng schwiereg Situatioun, déi vill Energie a Liewensjoren kascht huet. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°3129 huet de Minister mir folgend Informatiounen zu dësem Dossier geliwwert: „Allgemeng ass et esou, dass e perséinleche Feeler vun engem Agent dozou féiert, dass de Staat vu senger Protektiounspflicht entbonnen ass. An deem Fall mussen d’Affekotekäschten zeréckbezuelt ginn.“ Am Rapport d’Activité, op deen de Minister a senger Äntwert verweist, steht: „En 2024, 28 demandes d’assistance juridique ont été introduites (article 32(4) de la loi modifiée du 16 avril 1979). Une somme totale de 144 466,36 € a été payée dans ce contexte, notamment pour couvrir des frais d’avocat.“
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Bewäert de Ministère d’Geriichtsuerteel als Néierlag? • Falls jo, wäert de Staat d’Affekotskäschten erëmfroen? • Falls nee, wéi héich sinn déi vum Staat gedroe Käschten am Zesummenhang mat den Affekote vum Ex-Generaldirekter?
QP Nummer 4533
