Questions parlementaires
FRO.LU: Agrééierten Elektriker fir d’Installatioun vu Photovoltaik an Luetstatiounen
Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
Wann eng Privatpersoun zu Lëtzebuerg eng privat Luetstatioun oder eng Photovoltaikanlag mam Uschloss un d’Stroumnetz installéiere wëll, ass an de Prozeduren aktuell d’Interventioun vun engem agrééierten Elektriker virgesinn. Esou muss am Portail myCreos den Elektriker, deen de Projet iwwerhëlt, uginn ginn. Bei private Luetstatioune gëtt zousätzlech drop higewisen, datt d’Installatioun duerch en agrééierten Elektriker muss gemaach ginn. Trotz, dass den Elektriker offiziell unerkannt an agrééiert ass, muss d’Installatioun nach eng Kéier vun engem onofhängege Kontrollorganismus iwwerpréift an zertifizéiert ginn. Et stellt sech d’Fro vum Waasserkapp, firwat ee staatlech unerkannten Service ënnert Agrément nach eng Kéier muss duerch een aneren staatlechen Service zertifiéiert sinn Doriwwer eraus blockéiert dëse Mechanismus privat Initiativen: eng Privatpersoun mat den néidegen technesche Kompetenze kann dës Aarbechten deemno net selwer maachen, och wann d’Installatioun virun der Mise en service vun engem qualifizéierte Fachmann oder engem onofhängege Kontrollorganismus géif iwwerpréift an zertifiéiert ginn. An anere Länner hunn d’Leit do méi Fräiheeten: an der Belsch kann eng Photovoltaikanlag ënner bestëmmte Konditioune vum Proprietär selwer installéiert ginn, wann duerno virun der Mise en service eng obligatoresch Konformitéitskontroll duerch en agrééierte Kontrollorganismus gemaach gëtt. Also nëmmen eng staatlech Interventioun aplaz, wéi bei eis, zwou.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Kann d’Regierung präziséieren, wéi eng Aarbechten eng Privatpersoun an hirer eegener elektrescher Installatioun selwer dierf maachen, a wéi eng Aarbechten exklusiv engem agrééierten Elektriker virbehale sinn?
Firwat muss een agrééierten Service nach eng Kéier vum engem weideren staatlechen Kontrollmechanismus kontrolléiert ginn? Ass den Agrément dann iwwerhaapt seng Qualifikatiounen wäert?
Wäert d’Regierung zu Lëtzebuerg e Modell aféiren, bei deem och Privatpersounen mat den néidege Kompetenze verschidden Aarbechte selwer maachen dierfen, ënner der Konditioun vun enger obligatorescher onofhängeger technescher Kontroll virun der Mise en service?
Fro n°4616
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu
QP Nummer 4616
