Connect with us

Questions parlementaires

Respekt fir Geschlechtergläichheet

Den 13ten Oktober 2026 huet d’Tageblatt iwwer e Futtballspiller bericht, dee weibleche Fans aus reliéise Grënn den Handschlag verweigert huet.  Schonn a menger parlamentarescher Fro n°4173 vun 2021 hat ech d’Diskriminéierung vu Fraen am reliéise Kontext thematiséiert.  Dëse Fall werft op en Neits d’Fro op, wéi Reliounsfräiheet, perséinlech Selbstbestëmmung an d’Gläichberechtegung vu Fraen a Männer an anere Geschlechter am Alldag matenee vereinbart ginn. Et stellt sech och d’Fro vum Zesummeliewen vu verschiddene Kulturen a Glawensgemeinschaften hei am Land. D’Verfassung gesäit ausdrécklech vir, datt de Staat den Ofbau vun Hindernisser fir d’Gläichberechtegung aktiv fërdert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gesäit d’Regierung eng Verschlechterung duerch d’Erakommen vu Reliounen, déi fundamental Wäerter an eiser Gesellschaft net deelen? • Falls nee. wei erkläert si dee rezente Virfall Fraen dann déi Virfäll erkläeren? • Falls jo, wéi eng Moossname plangt d’Regierung, fir reliéis begrënnter Diskriminéierung vu Fraen an anere Geschlechter entgéintzewierken? 

  2. Wéi ginn d’Fraerechter an de Programmer fir Integratioun an Zesummeliewe vermëttelt? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4942

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert