Questions parlementaires
Gëltegkeet vum Certificat d’immatriculation
An enger virëgter parlamentarescher Fro (n°4271) hat ech d’Regierung op d’Situatioun opmierksam gemaach, wou ee Gefier ka vun der SNCA ofgemellt ginn, mee de Proprietär weider am Besëtz vun der Pabeiersversioun vun der groer a gieler Kaart bleift (Certificat d’immatriculation). Bei enger „mise hors circulation d’office“ kann de Proprietär domadder am Besëtz vun de Pabeieren bleiwen, obwuel d’Gefier administrativ net méi fir de Verkéier zougelooss ass. Bei anere Forme vun der Ofmeldung mussen awer d’Pabeieren un d’SNCA zeréckgeschéckt ginn. Esou informéiert d’SNCA op hirem Internetsite, datt bei engem Gefier, deem säi Certificat d’immatriculation ofgelaf ass, eng nei Immatrikulatioun néideg ass. Fir dës Réimmatriculatioun mussen déi al giel an déi gro Kaarten un d’SNCA zeréck gi ginn. An hirer Äntwert huet d’Ministesch erkläert: „Wann dës Konditiounen net méi erfëllt sinn an d’Gesetz virgesäit, datt de Certificat d’immatriculation d’office verfält, da geet et net ëm d’Zeréckhuelen oder de Widderruff vun enger administrativer Decisioun, mee ëm d’Feststellung vun enger automatescher Konsequenz, déi direkt aus de gesetzleche Bestëmmunge resultéiert.“ Weider erkläert d’Ministesch, dass bei enger Ofmeldung vun engem Gefier d’Informatioun digital an der nationaler Datebank vun de Gefierer gespäichert gëtt. D’Police an aner Autoritéite kéinten esou zu all Moment de Status vum Gefier iwwerpréiwen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
1. Kann eng Persoun hiren Auto bei der SNCA ofmellen, ouni déi gro a giel Kaart mussen ofzeginn? 2. Kann d’SNCA een Auto ofmellen, ouni déi gro a giel Kaart ze hunn? 3. Falls béid Fäll méiglech sinn, wat ass de legale Wäert vun der Pabeiersversioun vun der groer a gieler Kaart a firwat gëtt bei béide Prozeduren een Ënnerscheed gemaach?
Kënnen d’Policeautoritéiten an eisen Nopeschlänner op d’Datebank vun de Gefierer hei am Land zeréckgräifen (zum Beispill iwwert de Prümer Vertrag) an esou kontrolléieren, dass zu Lëtzebuerg ofgemellten Gefierer ausserhalb vu Lëtzebuerg zirkuléieren?
Wéi steht d’Ministesch zur Iddi, dass an Zukunft all d’Bordpabeieren, di d’Leit nach an hirem Auto matschleefen oder déi fir d’SNCA gebraucht ginn, géifen digitaliséiert ginn? Ass esou ee Projet aktuell a Planung? Falls nee, firwat net?
QP Nummer 4939
