Questions parlementaires
Skydweller Solardrohnen
Laut engem Artikel op reporter.lu vum 8ten Oktober 2026 huet de Verdeedegungsministère 2022 mat der italienescher Rüstungsfirma Leonardo ee Projet mat Solardrohn vun der Firma „Skydweller“ finanzéiert. Dozou koum e weidere Projet, deen direkt mat Skydweller ofgewéckelt gouf. Am Joer 2025 goufen 1,2 Millioune Euro un Leonardo an 665.000 Euro un Skydweller ausbezuelt. 200.000 Euro stinn nach aus. Den eenzege Prototyp vun deser Solardrohn ass den 4te Mee 2026 während engem Manöver vun der US-Navy iwwer dem Golf vu Mexiko ofgestierzt. Dëst Manöver huet eng „kill chain“ géint sougenannt „drug boats“ getest. D’Firma huet zënter dem Joresofschloss 2023 keng Zuele méi am spueneschen Handelsregister deposéiert. Leonardo huet sech 2024 aus dem Projet zréckgezunn an d’Firma ass, nom Verdeedegungsministère, aktuell an engem Restrukturéierungsprozess.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi ass de Kontakt tëscht Lëtzebuerg a Skydweller respektiv Leonardo zustane komm? Ass d’Initiativ vum deemolege Verteedegungsminister François Bausch selwer ausgaangen, vun der Direction de la Défense, vun der Firma oder vun engem Drëtten (falls jo, wien)?
1. Wien huet de Projet intern validéiert a gouf et eng ëffentlech Ausschreiwung? 2. Wéi eng Préifunge (Due Diligence) goufen virun den Ausbezuelungen un Leonardo a Skydweller duerchgefouert? 3. Waren dem Ministère d’Besëtzverhältnisser an d’Finanzlag vun der Firma bekannt? 4. Wéi eng weider Projeten oder Investitiounen huet de Lëtzebuerger Staat mat Skydweller oder Leonardo am Kader vun der Erhéijung vum Verdeedegungsbudget a gëtt et heizou een Iwwerbléck iwwert den Gesamtmontant?
Den Transport vum Prototyp vu Spuenien an d’USA gouf vu Lëtzebuerg finanzéiert. Wéi reporter.lu schreift, hat de Ministère 2022 matgedeelt, dass Lëtzebuerg mam Projet och den US-Militär ënnerstëtzt. Elo huet d’Regierung d’Positioun, dass Lëtzebuerg am Kader vun dësem Projet näischt mat den US-Operatiounen géint Drogebooter ze dinn gehat huet. 1. Hat d’Regierung, virun der Liwwerung vum Prototyp an d’USA, Kenntnis dovunner, datt de Prototyp um uewe genannten US-Manöver deelhëlt? Wann jo, zënter wéini? 2. Huet Lëtzebuerg iwwert dëse Projet direkt oder indirekt un der US-Operatioun deelgeholl oder net? 3. Ass fir d’Regierung d’militäresch Notzung duerch d’USA mam Verspriechen vun engem „green dual use“-Projet mat zivilem Fokus vereenbar? 4. Goufen et vertraglech Garantië am Kader vum Projet mam US-Militär géint eng Notzung fir Operatiounen, déi nom Vëlkerrecht ëmstridden sinn?
D’Dron ass net selwer an d’USA geflunn, mee mat engem Cargolux-Fliiger dohinner transportéiert ginn, fir dee Lëtzebuerg bezuehlt huet. Iwwert de Käschtepunkt wollt d’Regierung keng Informatiounen eraus ginn. Op wéi enger legaler huet een dës Informatioun net erausginn a wéi eng Sécherheetsgrënn schwätzen dogéint, dass hei eng konkret Zuehl genannt gëtt?
1. Wéini an op wéi engem Wee gouf d’Regierung iwwer den Ofstuerz informéiert? 2. Firwat gouf kee Communiqué iwwert den Absturz vum Prototyp verëffentlecht?
Déi Europäesch Investitiounsbank (EIB) hat enger Duechtergesellschaft vun Skydweller ee Kredit vun 30 Millioune Euro bewëllegt huet? Huet de Ministère d’EIB iwwer d’Problemer an d’Restrukturéierung bei Skydweller ausgetauscht a falls jo, wéini?
Wäert de Staat déi nach ausstoend Zuelung vun 200.000€ maachen? Falls jo, wéi eng Bedingungen muss d’Firma nach erfëllen?
Ass de Projet mat der Skydweller formell ofgeschloss a wéi eng Garantien existéieren, datt d’Firma , déi aktuell an der Restrukturéierung ass, nach een Ofschlossberiicht liwwert?
QP Nummer 4909
