Connect with us

Questions parlementaires

Saut-de-Mouton zu Beetebuerg

Ee WORT-Artikel vum 12ten August beriicht doriwwer, dass fir de Bau vun der neier CFL-Streck tëscht Lëtzebuerg an Beetebuerg d’Bréck vum sougenannte „Saut-de-Mouton“ bei Beetebuerg negebessert muss ginn, well no de Konstruktionskrittären aus dem Joer 2016 net ageplangt war, dass och mol zwee Zich d’Bréck kéinte gläichzäiteg benotzen. Elo soll d’Struktur nogerëscht ginn, fir och ee Betribsszenario ze erméiglechen, bei deem zwee Zich an déi selwecht Richtung fueren oder bremse kënnen. Laut CFL sollen dës Problemer keng Auswierkungen op den Zäitplang hunn an d’Méikäschte beim „Saut-de-Mouton“ ënner engem Prozent vum Gesamtbudget leien. Ee konkrete Montant gouf net genannt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi héich sinn d’Méikäschte fir d’Aarbechte vum „Saut-de-Mouton“ a fir den Austausch vum Schottermaterial a wien bezilt fir dës Méikäschten?

  2. Wéi wierken sech dës Méikäschten op d’Ingenieurs- an Architektenkäschten aus a wien iwwerhëllt dës Méikäschten?

  3. Wéini genau gouf beim Projet festgestallt, datt d’Statik net de Kompatibilitéitskrittäre fir en Netz ouni Aschränkung bei der Fuertrichtung entsprécht?  Wéini goufen dës nei Krittären definéiert a wéini gouf d’Decisioun geholl, fir nozebesseren?

  4. Kann d’Ministesch garantéieren, dass d’Streck bis September 2027 definitiv fäerdeg gemaach gëtt oder gëtt et ee Risiko fir eng méiglech Verspéidung?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4617

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert