Questions parlementaires
Réckzuch vun Däitschland aus dem Projet Mistral
Laut engem Artikel op welt.de vum 9ten Oktober wäert Däitschland sech aus enger geplangter KI-Partnerschaft mat Mistral AI zeréckzéien. Dës Partnerschaft sollt ursprénglech dozou bäidroen, déi europäesch digital Souveränitéit ze stäerken an d’Ofhängegkeet vun net-europäeschen Tech-Acteuren ze reduzéieren. Zu Lëtzebuerg huet d’Regierung am Juni 2025 eng strategesch Partnerschaft mat Mistral AI ënnerschriwwen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Huet d’Entscheedung vun der däitscher Regierung een Impakt op de Projet tëschent Lëtzebuerg a Mistral?
Wéi eng Projeten, Tools oder Plattformen sinn zënter dem Start vum Projet mat Mistral AI zu Lëtzebuerg entstanen a ginn hei genotzt? Kann d’Regierung dës no Projet, zoustänneger Administratioun, Notzungszweck a Präis oplëschten?
Ass d’Regierung dovunner iwwerzeegt, dass Mistral mat der KI-Konkurrenz aus dem Ausland mathale kann a wettbewerbsfäeg bleift?
QP Nummer 4910
