Connect with us

Questions parlementaires

Besseren Accès zu erschwéngleche Wunnengen

Den Artikel 7 (2) vum Gesetz vum 7ten August 2023 iwwert bezuelbare Wunnraum gesäit vir, datt eng Persoun, déi eng abordabel Wunneng hei am Land keeft, spéitstens néng Méint no der Schlësseliwwerreechung net méi Proprietär vun enger anerer Wunneng dierf sinn.  Dat kléngt an engem éischte Gedanken gutt a logesch a soll verhënneren, dass Proprietairen, déi schonn eng Wunneng hunn, net duerch Steiergelder sollen zu Groussgrondbesëtzer ginn.  An deene meeschte Fäll sinn d’Leit hei am Land awer keng Groussgrondbesëtzer: • Am Recensement beim STATEC 2021 gouf eruewen, dass ronn 170.000 Leit hei am Land Proprietär vun op mannst enger Wunneng sinn, also meeschtens hierer eegener Wunneng. • Dovunner verlouhnen nëmme ronn 40000 Leit hir Wunneng (ronn 25%, no der leschter Note vum Observatoire de l’Habitat n°50). D’Reegel am Gesetz féiert awer dozou, dass ee vill Proprietären (déi net Groussgrondbesëtzer sinn) dovunner ofhällt, fir aus hirer aler Wunneng erauszeplënneren, déi och kéint fir sozial Zwecker verlouhnt ginn, zum Beispill iwwert d’Gestion Locative Sociale (GLS). E puer Beispiller wieren: 1. eng eeler Persoun, déi eleng an engem vill ze groussen Haus lieft an an eng méi kleng, altersgerecht Wunneng wëll plënneren; 2. eng Famill, där hir aktuell Wunneng duerch d’Gebuert vun engem weidere Kand ze kleng ginn ass an déi eng méi grouss Wunneng brauch; 3. eng Persoun mat ageschränkter Mobilitéit, déi an engem Haus oder Appartement mat Trapen ouni Lift wunnt an an eng barrièrefräi Wunneng wëll plënneren; 4. eng Persoun, déi duerch eng Ierfschaft en Undeel vun enger Wunneng kritt huet, ouni datt dës Wunneng hir tatsächlech Wunnsituatioun léist;

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert d’Regierung weider un där Reegel aus dem Gesetz festhalen, datt ee sech vun senger Wunneng muss trennen oder ass d’Regierung hei bereet, fir d’Gesetz opzemaachen, wann ee Proprietaire d’Wunneng géif fir den erschwénglechen Wunnraum hei am Land verlouhnen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4908

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert