Questions parlementaires
Cyberugrëff op Supermarchéeën
Den 100,7 schreift an engem Artikel vum 12ten Oktober 2026, datt a Frankräich honnerte Supermarchéen Affer vun engem Cyberugrëff op hir Frigo- respektiv Killsystemer gi sinn. „Déi betraffe Geschäfter missten all d‘Produiten aus de Frigoen an aus den Tiefkühl-Rayonen ewech geheien.“ Dëse Virfall weist, datt och technesch Systemer am Liewensmëttelhandel, déi op den éischte Bléck net zu de klassesche kriteschen Infrastrukture gezielt ginn, bei engem Cyberugrëff direkt Auswierkungen op d’Liewensmëttelsécherheet, d’Versuergung an de wirtschaftleche Schued kënnen hunn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Huet d’Regierung Kenntnis dovun, ob zu Lëtzebuerg Supermarchéen, Liewensmëttelbetriber oder aner Acteuren aus der Liewensmëttelketten ähnlech vernetzt Frigo- respektiv Killsystemer benotzen, wéi déi, déi a Frankräich viséiert goufen?
Huet d’Regierung Kenntnis doriwwer, ob och zu Lëtzebuerg ähnlech Cyberugrëff an der Vergangenheet lancéiert goufen?
D’Liewensmëttelsécherheet ass eng kritesch Infrstruktur a gëtt och am Resilienzplang vum Staat opgefouert (letzprepare.lu). Wéi eng Moossnahmen sinn en Place, fir eist Land virun esou Cyberugrëff ze verhënneren?
QP Nummer 4907
