Questions parlementaires
Bodycams fir Päscherten
D’Piraten an d’Mobilitéitsministesch hunn an der Mobilitéitskommissioun ee Kompromëss iwwert d’Aféierung vu Bodycams am ëffentlechen Transport fonnt. D’Zil ass et, ee kloren a rechtsséchere Kader ze schafen, deen d’Personal am ëffentlechen Transport schützt an dobäi d’Rechter vun de Passagéier respektéiert, dëst no de gudden Erfahrungen, déi d’Police mat de Bodycams gemaach huet. Och an de Gemenge ginn et Beamten, déi am ëffentleche Raum Policeaufgaben iwwerhuelen. Mam Gesetz vum 27te Juli 2022 relative aux sanctions administratives communales, à l’élargissement des compétences des agents municipaux hunn d’Gemengebeamten elo nach méi Kompetenze krut. Päscherten gi bei hirer Aarbecht oft mat Konfliktsituatiounen, verbalen Aggressiounen oder physeschen Ausernanersetzunge konfrontéiert.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Gëtt et aktuell eng legal Basis, déi et Gemengebeamten, notamment de sougenannte Päscherten, erlaabt, am Kader vun hiren Aufgaben Bodycams ze droen an audiovisuell Opnamen ze maachen?
Wäert d’Regierung, no de gudden Erfahrungen bei der Police, d’Notzung vun de Bodycams och fir d’Gemengebeamten erlaben?
QP Nummer 4905
