Questions parlementaires
Pegasus NSO
Den 21. Juli 2021 huet d’Regierung 9 Entitéite vum NSO Group, dem Hiersteller vun der Spionagesoftware Pegasus, zu Lëtzebuerg identifizéiert an hinnen hir Obligatiounen ënnert dem Gesetz vum 27. Juni 2018 iwwer d’Exportkontroll an Erënnerung geruff. No de Konten am Registre de commerce huet d’Lëtzebuerger Gesellschaft Q Cyber Technologies eleng am Joer 2021 bal 170M$ Ëmsaz verbucht, méi wéi d’Hallschent vum weltwäiten Ëmsaz vum Grupp. D’Enquêtëkommissioun PEGA vum Europaparlament huet Lëtzebuerg 2023 als „important business hub” vun NSO bezeechent. Am Mäerz 2025 huet e Geriicht zu Barcelona 3 NSO-Dirigeante wéinst hire Funktiounen an de Lëtzebuerger Gesellschaften OSY Technologies a Q Cyber Technologies ënner Ermëttlung gestallt an eng Europäesch Ermëttlungsuerdnung u Lëtzebuerg geriicht. An hirer Äntwert vum 28. Abrëll 2026 op eis Fro n°3833 huet d’Regierung matgedeelt, datt den Office du contrôle des exportations, importations et du transit (OCEIT) zënter 2021 keng eenzeg Demande vun dësen Entitéite kritt huet an datt si „keng Kenntnis” vun eventuelle Verkeef oder Finanzflëss iwwer Lëtzebuerg huet. De 15. Oktober 2026 huet d’Chamber eng Motioun ofgeleent, déi eng Verifikatioun vun Amts wegen gefuerdert huet.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
1. Mat wéi vill Posten (ETP), wéi engem Budget a wéi enger technescher Expertis am Beräich Cybersécherheet ass den OCEIT haut ausgestatt? Wéi huet sech dat zënter 2018 entwéckelt? 2. Wéi vill Kontrolle vun Amts wegen, also ouni virdrun eng Demande kritt ze hunn, huet den OCEIT zënter 2018 duerchgefouert, dovu wéi vill am Beräich vun den Dual-use-Gidder vun der Kategorie Cyberiwwerwaachung (Annex I, Kategorie 4 a 5, vum Reglement (EU) 2021/821)? 3. Mécht den OCEIT e risikobaséierte Screening vun den am RCS agedroene Gesellschaften, déi eng Aktivitéit am Beräich Informatik, Sécherheet oder Telekommunikatioun deklaréieren, oder gëtt den Office nëmmen op Demanden aktiv? Wa jo, no wéi enge Krittären? 4. Wéi kontrolléiert den OCEIT intangibel Technologietransferten, Facturatioun, Vertragsofschlëss an Zuelungsflëss, déi vu Lëtzebuerg aus organiséiert ginn, wann d’Entwécklung an d’Liwwerung vum Produit am Ausland geschéien? Hält d’Regierung esou Aktivitéite fir ausserhalb vum Gesetz vum 27. Juni 2018? 5. Huet den OCEIT, d’Douane oder de Parquet zënter 2021 een Dossier zu enger vun den NSO-Entitéiten opgemaach, e Procès-verbal opgestallt oder eng Prozedur no den Artikele 54 an 58 bis 61 vum Gesetz agelaut? Wann net, firwat net? 6. Wéi eng Suitte goufen der Europäescher Ermëttlungsuerdnung vum Geriicht zu Barcelona ginn? Wéi eng Lëtzebuerger Autoritéit ass dofir zoustänneg, a wéini gouf geäntwert? 7. Wéi koordinéieren den OCEIT, d’CSSF, d’Cellule de renseignement financier an d’Douane bei Firmen, déi op der Entity List vun engem alliéierte Staat stinn? Gëtt et e formellen Informatiounsaustausch? 8. Wéi vill Autorisatioune fir Militär- an Dual-use-Gidder goufen zënter 2018 accordéiert a refuséiert, opgeschlësselt no Joer, Destinatiounsland a Kategorie? Ass d’Regierung bereet, dës Statistike reegelméisseg ze publizéieren? 9. Gesäit d’Regierung eng Reform vum Gesetz vum 27. Juni 2018 oder vun der Organisatioun vum OCEIT vir, fir déi vun der PEGA-Kommissioun identifizéiert Lücke bei de Back-office-Strukturen zu Lëtzebuerg ze schléissen?
QP Nummer 4932
