Connect with us

Questions parlementaires

Preuven bei der Demande fir Loyerssubventioun

A menger parlamentarescher Fro n°4218 hat ech op d’Problematik vun administrativen Demanden opgeworf, bei deenen d’Leit musse Beweisdokumenter virleeën, déi si selwer ouni Drëttpersoun (Ex-Partner, Patron, etc.) awer guer net kënnen erstellen.  Dës Problematik stellt sech anscheinend och bei der Loyerssubventioun. Bei der Demande fir eng Loyerssubventioun mussen d’Leit verschidden Dokumenter areechen, fir hiert Akommes nozeweisen, wéi den Certificat de salaire vum Joer virdrun. Et gi Fäll , wou dëst Dokument net méi ka beschaaft ginn, well de fréiere Patron net méi erreechbar ass.  Och bei der Loyerssubventioun stellt sech d’Fro, ob eng Déclaration sur l’honneur eng Alternativ zu Dokumenter duerstelle kann, déi net méi disponibel sinn. Wann de Ministère an esou engem Fall op dësem Dokument besteet, riskéiert den Traitement vum Dossier blockéiert ze ginn, obwuel déi betraffe Persoun näischt dofir kann.  Fir Stéit, déi op d’Loyerssubventioun ugewise sinn, kënnen esou Verspéidungen zu finanziellem Stress féieren. Bei der Loyerssubventioun gëtt et schonn eng Déclaration sur l’honneur (Formulaire L92). Dës bezitt sech awer op de Besëtz vun enger Wunneng, net op den Ersatz vun engem feelende Certificat de salaire oder aneren Dokumenter. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng aner Dokumenter akzeptéiert de Ministère, wann eng Persoun de Certificat de salaire vun engem fréiere Patron net méi ka beschafen? 

  2. Wéi geet de Ministère vir, wann eng Persoun noweise kann, dass si e gefuerderten Dokument trotz alle Beméiungen net ka beschafen?

  3. Bleift den Dossier an esou engem Fall esou laang blockéiert, bis dat gefuerdert Dokument virläit? Falls jo, ass de Logementsminister bereet, dës Reegelen z’änneren a falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4930

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert