Questions parlementaires
Méiglech Spionageattacken op Apple-Apparater vu Politiker
An Däitschland krute Politiker aus der Bundesregierung an Deputéiert d’Warnung vun der Firma Apple, dass hir Apparater méiglecherweis Spionagesoftware infizéiert goufen. Dës Zort vu Spionagesoftware kann et erlaben, op Messagen, Telefonsgespréicher an aner sensibel Donnéeën zouzegräifen. Dat däitscht Bundesamt für Sicherheit in der Informationstechnik (BSI) huet de Betraffene recommandéiert, dovun auszegoen, datt hir Geräter kompromettéiert kéinte sinn. Ob d’Attacken erfollegräich waren, ass nach net bekannt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Ass der Regierung bekannt, ob och zu Lëtzebuerg Apple-Apparater vu Memberen aus der Regierung oder Justiz mat Spionagesoftware infizéiert goufen?
Wéi eng Recommandatioune fir d’Notzung vun Apple-Apparater gëtt d’Regierung no dësem Virfall?
Wéi vill Regierungsmemberen (Ministeren an héich Beamten) notzen aktuell Apple-Apparater?
Wéi vill Memberen aus der Justiz (Parquet, Geriichter an héich Beamten) notzen aktuell Apple-Apparater?
QP Nummer 5082
