Questions parlementaires
Verspéidungen beim Schülertransport am Süden vum Land
Zënter dësem Joer gëtt de Schülertransport fir d’Lycéeën am Süde vum Land net méi vum TICE, mee iwwer den RGTR assuréiert. D’Regierung hat bei dëser Ëmstellung erkläert, dass d’Qualitéit vum Service onverännert bleiwe géifen. Fir d’Schüler an d’Léierpersonal ass et wichteg, dass d’Busser moies pünktlech ukommen, fir dass d’Schoulstonne kënne pünktlech ofgehale ginn. Verschidden Elteren hu mech kontaktéiert, well d’Schoulbusser méi oft moies Verspéidungen hunn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Schoulbuslinnen haten dëst Joer ënnert dem RGTR Verspéidungen a kënnen d’Ministeren dës Zuelen no Lycée oplëschten?
Mussen d’Schüler bei enger Verspéidung duerch de Schülertransport d’Verantwortung vun hirer Verspéidung iwwerhuelen? Aanechters gefrot: kréien d’Schüler, déi wéinst dem Schülertransport ze spéit am Lycée ukommen, ee VTT vum Prof an d’Klassebuch?
Wéi huet sech d’Unzuel u VTTen an de Moiesstonnen an de Lycéeën am Süden entwéckelt, zënterdeem de Schülertransport vum RGTR duerchgefouert gëtt? Kann de Minister dës Zuele fir 2024, 2025 an 2026 an enger Tabell liwweren?
QP Nummer 5093
