Questions parlementaires
Ernennungen vum Rektorat vun der Uni.lu
D’Uni zu Lëtzebuerg (Uni.lu) sicht een neien Rektor. D’Wahl vun de Rektoratsposten ass am Unisgesetz festgeluecht (Loi modifiée du 27 juin 2018 ayant pour objet l’organisation de l’Université du Luxembourg). Et gouf elo eng ëffentlech Ausschreiwung fir Kandidaturen gemaach. Den Artikel 8(1) vum Unisgesetz verlaangt, datt d’Kandidaten de Rang vun engem Professer op der Universitéit Lëtzebuerg oder op enger anerer Universitéit mussen hunn. Den Artikel 8(3) gesäit eng Astellung als professeur ordinaire virun der Ernennung zum Rektor vir. Déi selwecht Bedingungen gëllen och fir d’Posten vum Vize-Rektor (Artikel 9). Et ass also een Zouloossungskrittär, fir iwwerhaapt kënnen fir ee Posten am Rektorat kënnen ze kandidéieren. Doriwwer eraus ënnerscheet d’Unisgesetz Lëtzebuerg tëschent den Titelen professeur assistant, professeur adjoint a professeur ordinaire (Artikel 23). Aner Statuten, wéi professeur affilié oder professeur honoraire, falen net ënnert dës Klassifikatioun. D’Gesetz vum 21te Juli 2023 iwwert d’Héichschoulbildung gesäit an den Artikelen 66 a 67 weider spezifesch Reegelen zum Professertitel vir. Bei fréieren Ernennunge vum Rektorat schéngt et esou, wéi wann déi gesetzlech Konditioune an der Vergangenheet fir d’Wahl vum Rektorat net agehalen goufen. Dëst betrëfft, ënnert Anerem, d’Ernennung vum fréiere Vizerektor fir d’Fuerschung, deen haut Rektor ass, souwéi d’Ernennung vun der aktueller Vizerektorin fir d’Fuerschung. Bei der Ernennung vum fréiere Vizerektor fir d’Fuerschung, deen haut Rektor ass, war déi betraffe Persoun am Joer 2018 als professeur affilié a professeur honoraire bekannt. Si gouf eréischt den 1te September 2018 als professeur ordinaire agestallt. D’Prozedur an d’Propos fir d’Ernennung vum 28ten Mäerz 2018 louche virum Akraafttriede vum Gesetz vum 27ten Juni 2018. An dëse Fäll haten déi deemolëg Kandidaten, déi haut d’Posten bekleeden, net de Rang vun engem professeur ordinaire, mee kruten en erréischt no hirer Wahl. D’Universitéit ënnersteht dem Ministère de l’Enseignement supérieur, dee Ministère de Tutelle ass. D’Ministesch huet dofir och een direkte Vertrieder am Conseil de gouvernance. Den Artikel 6 (11) vum Unisgesetz gesäit vir, dass der Ministesch hire Regierungsvertrieder een Informatiouns- a Kontrollrecht huet a kann Decisioune suspendéieren, déi géint Gesetzer oder Reglementer verstoussen, wann en dovunner wees.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Kann d’Ministesch fir all Ernennung vum Rektorat, zënter dem Akraafttriede vum Gesetz vum 27te Juni 2018, matdeelen, wéi ee professoriale Rang/Titel déi zeréckbehale Kandidaten zum Zäitpunkt haten, op wéi enger Universitéit si dëse Rang haten a wéini si als professeur ordinaire op der Uni.lu agestallt goufen?
Bei der Ernennung vum fréiere Vizerektor fir d’Fuerschung, deen haut Rektor ass, war déi betraffe Persoun am Joer 2018 als professeur affilié a professeur honoraire bekannt. Si gouf eréischt den 1te September 2018 als professeur ordinaire agestallt. D’Prozedur an d’Propos fir d’Ernennung vum 28ten Mäerz 2018 louche virum Akraafttriede vum Gesetz vum 27ten Juni 2018. 1. Wéi ee gesetzleche Kader war fir dës Ernennung uwendbar? 2. Falls den Artikel 9 vum Gesetz vun 2018 uwendbar war, op wéi enger Grondlag gouf d’Konditioun vum professoriale Rang als erfëllt ugesinn?
Wéi uewen beschriwwen, verlaangt den Artikel 9(2), dass d’Kandidaten fir de Poste vum Rektorat de Professortitel nom Artikel 23 mussen hunn. 1. Kann d’Ministesch bestätegen, datt de Professortitel scho beim Areesche vun der Kandidatur muss virleien? 2. Bei wéi enge vun de fréieren Ernennunge vum Rektorat war dat net de Fall? 3. Wéi eng gesetzlech Bestëmmungen erlaaben et, dass ee Kandidat ouni den Professortitel Member vum Rektorat gëtt an dann nodréiglech den Titel vum professeur d’université kritt? 1. Ass esou ee Fall an der Vergangenheet scho virkomm? 4. A wéi enge Fäll mussen d’Zouloossungskrittären fir d’Rektorat aus den Artikelen 8 a 9 net respektéiert ginn a fënnt d’Ministesch déi aktuell Ausnahmen zu dësen Zouloossungskrittären gutt?
Kann d’Ministesch matdeelen, wéi ee konkrete professoriale Rang déi aktuell Vizerektorin fir d’Fuerschung zum Zäitpunkt vun hirer Kandidatur hat? Gouf hire Statut als adjunct professor op enger auslännescher Universitéit als gläichwäerteg mat engem professoriale Rang am Sënn vum Artikel 9, Paragraf 2, unerkannt? Falls jo, op Basis vu wéi enge Krittären?
Wéi gouf bei de vergaangenen Ernennunge vum Rektorat d’Kontroll vun de gesetzleche Konditiounen duerch de Regierungsvertrieder am Conseil de gouvernance duerchgefouert? Krut de Regierungsvertrieder déi néideg Informatiounen an Dokumenter zur Verfügung gestallt? Kann d’Ministesch esou Dokumenter, wann et néideg wier, der zoustänneger Chamberkommissioun presentéieren?
Falls sech erausstelle sollt, dass bei enger oder méi Ernennungen déi gesetzlech Konditiounen net erfëllt waren, wéi eng juristesch Konsequenzen hätt dat fir déi betraffen Ernennungen? Wéi wäert een sech an esou engem Fall fir d’Zukunft opstellen, fir dass esou Fäll net méi virkommen?
Ass d’Regierung bereet, d’Ernennunge vum Rektorat zënter 2018 duerch eng onofhängeg juristesch Analys iwwerpréiwen ze loossen?
Wéi eng Strofen stinn op de Mëssbrauch vu geschützten Titelen, wéi zum Beispil dem Professortitel? Wat géif geschéihen, wa sech erausstelle sollt, dass ee Kandidat falsch Ugaben zu sengem Professortitel gemaach hätt?
QP Nummer 5115
