Questions parlementaires
Sécherung vun der lëtzebuergescher Fongenindustrie
D’Lëtzebuerger Finanzplaz ass ee wichtegt Standbeen vun eiser Wirtschaft an dréit wesentlech zu de Recettë vum Staatsbudget bäi an dofir muss dës och fir d’Zukunft erhale bleiwen. Besonnesch d’Fongenindustrie spillt hautzedags eng zentral Roll fir eis Staatsrecetten a bréngt eisem Land all Joer Milliarden Euro u Steiergelder an. Lëtzebuerg huet jorzéngtelaang gutt konnten vun UCITS-Fongen profitéieren an huet sech déi lescht Joren ganz gutt bei den alternativen Investmentfongen (AIF) konnten positionnéieren. Ee wichtege Facteur fir d’Attraktivitéit vun der Lëtzebuerger Finanzplaz ass de Fakt, dass mer eis Fongen weltwäit kënnen mat eisem lëtzebuergeschen Pass exportéieren. Ee weidere wichtege Grond vun eisem Erfollëg ass dat internationaalt Netzwierk vun Duebelbesteierungsofkommessen, déi bei internationalen Investissementer Sécherheet fir d’Investisseuren schafen a kënnen hëllefen, eng Duebelbesteierung ze vermeiden. Am internationale Konkurrenzkampf steet Lëtzebuerg besonnesch mat Irland am direkte Verglach. Irland huet sech virun allem am Beräich vun den ETF-Fongen eng staark Positioun opgebaut. Bei Investissementer an US-Aktie kënnen irësch ETFs notamment vu méi gënschtege Quellesteieren op Dividende profitéieren, wéi dat bei vergläichbare Lëtzebuerger Fongen de Fall ass. Dëst huet dofir gesuergt, dass déi meeschten ETF-Fongen an Irland ginn aplaz op Lëtzebuerg. Fir d’Lëtzebuerger Fongenindustrie laangfristeg ze stäerken, stellt sech d’Fro, a wéi enge Länner Lëtzebuerg duerch seng Duebelbesteierungsofkommes kompetitiv Virdeeler géintiwwer Irland huet a wéi dës Virdeeler genotzt kënne ginn, fir d’Fongenindustrie international méi breet opzestellen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
A wéi enge Länner profitéieren zu Lëtzebuerg domiciliéiert UCITS-Fongen am Verglach zu irëschen UCITS-Fongen duerch Duebelbesteierungsofkommes vun enger besserer Besteierung? Huet d’Regierung Analysen heizou? Kann d’Regierung heizou eng Oplëschtung publizéieren mat de Steiersäz, déi Lëtzebuerg am Kader vun Duebelsteierofkommessen mat aneren Jursidiktiounen huet am Verglach mat de Steirsäz bei den UCTIS-Fongen, déi Irland ma anere Jurisdiktiounen huet? Falls nach keng esou eng Analyse existéiert, wäert d’Regierung dozou eppes ausschaffen a publizéieren?
A wéi enge Länner hunn zu Lëtzebuerg domiciliéiert alternativ Investmentfongen (AIF) duerch d’Duebelbesteierungsofkommes steierlech Virdeeler géintiwwer vergläichbaren irëschen Investmentfongen? Kann d’Regierung dës Länner oplëschten an dobäi tëschent de verschiddene Rechtsforme vun de Fongen ënnerscheeden?
Wéi eng Moossnahmen wäert d’Regierung huelen, fir d’Lëtzebuerger Fongenindustrie op internationale Määrt ausserhalb vun den USA weider ze stäerken?
Wéi eng Moossnahmen wäert d’Regierung huelen, fir d’Duebelbesteierungsofkommes mat den USA ze verbesseren hisiichtlech eiser Fongenindustrie?
QP Nummer 5137
