Connect with us

Questions parlementaires

Aal Casa-Deponie zu Beggen

Lëtzebuerg huet e grousse Wunnengsproblem, zanter Joerzéngten. Mat engem héije wirtschaftlechen an demographesche Wuesstem steigt och d’Nofro no Wunnengen hei am Land mam Resultat, datt méi muss gebaut ginn. Grad well vill gebaut gëtt, misst eigentlech besser drop opgepasst ginn, wat, wou a wéi gebaut gëtt. Aspekter wéi Zäitdrock, Kompetenzgerangel an den Ëmstand, datt sech zu Lëtzebuerg mam Prinzip vum Pollueur-Payeur oft schwéier gedoe gëtt, sinn an dësem Kontext net hëllefräich.  

Grad dofir geet et net ëmmer duer d’Konformitéit mat de kommunale Planungsvirgaben – PAG a PAP – ze préiwen. Et kënnt och op d’Qualitéit vum Ënnergrond un, net nëmmen um klasséierten Terrain selwer, mee och am direkten Ëmfeld. Och wann déi klassesch Industriebetriber ëmmer méi aus eise Stied verschwannen, bleift den Ënnergrond, op deem dës Industriegebaier joerzéngtelaang aktiv waren oder hieren Dreck gelagert hunn, heiansdo problematesch. 

Ee méi rezent Beispill fir dës Problematik ass een Immobiliëprojet zu Beggen, op der Beggener Strooss (Nr. 131-133), net wäit ewech vun der fréierer CASA-Decharge, en Dossier, deen an den 90er Joren a bis haut zu vill Polemik am Lëtzebuerger Wunnengsbau an Ëmweltschutz gefouert huet. 

D’Continental Alloys, wéi dës Arbed-Duechter geheescht huet, hat grouss Quantitéite vu Schwéiermetaller am Buedem zeréck gelooss, dorënner Stoffer, wéi Chrom, Cadmium, Vanadium, Molybdän oder Titan, déi toxesch fir Mënsch, Déier a Planzewelt sinn a massiv gesondheetlech Schied ervir ruffe kënnen. 

Deen urspréngleche Site vun der CASA-Deponie ass zum Deel entseucht ginn, steet am PAG vun der Stad Lëtzebuerg awer ëmmer nach als « Zone à risque de contamination ». Ouni Tamponszone. A grad ëm déi geet et hei. 

An enger Luxcontrol-Etüd aus dem Joer 2013 steet geschriwwen:

« Dans l’hypothèse de construire des maisons et/ou appartements le long de la route de Beggen (…), la législation relative à la gestion des déchets devra être appliquée lors des travaux de terrassement. Dans le cas où la nappe d’eau n’est pas touchée par les excavations du sol, c’est-à-dire au cas où les ouvrages souterrains ne dépassent pas une profondeur moyenne d’environ 2,50 m par rapport à la route de Beggen, la problématique en matière de gestion des déchets n’est pas jugée importante. »  

An anere Wierder : alles wat méi déif wéi 2,50 Meter an de Buedem geet, ass problematesch.   Zeréck zum Immobiliëprojet op der Beggener Strooss: um Terrain stoung laang Zäit eng Villa. Si huet elo Plaz misse maache fir ee Projet vun enger grousser Residence mat 18 Appartementer. Déi zukünfteg Bewunner wësse warscheinlech net, wien de fréieren Noper war an op wéi engem Ënnergrond si sech nidderloossen. Aus de Baupläng geet ervir, datt d’Residence véier Stäck héich gëtt, awer och zwee Stäck an de Buedem reecht. 5,50 Meter déif gëtt gebaut, also 3 m méi, wéi et vu Luxcontrol als onbedenklech agestuuft ginn ass. 

Eis Nofuerschungen hunn erginn, datt kee sech esou richteg fir d’Problematik zoustänneg fillt. D’Stad Lëtzebuerg verweist op de PAG (« Zone d’habitation 2 ») a fënnt, datt et um Promoteur ass, déi néideg Virsuerg ze treffen an d’Leit ze informéieren. D’Ëmweltverwaltung verweist op de Gesetzprojet iwwert de Buedemschutz an d’Gestioun vun de polluéierte Sitten, deen nach ëmmer an der Maach ass. Eng am November 2020, op eng Privatinitiativ hin duerchgefouert an an Däitschland ausgewäert Proufentnahm, huet erginn, datt d’Belaaschtung um Site nach ëmmer héich a bedenklech ass, z.B. wat de Molybdän ugeet (360 mg pro kg).

  1. Misst bei engem Bauprojet wéi dësem, wou nieft engem verseuchten Terrain gebaut soll ginn, de Bauhär net ganz besonnesch virsiichteg agéieren? Missten d’Autoritéiten hei net méi genee kontrolléieren, dass keng Risiken fir déi nei Residenten entsteet?
  2. Wéi ass et méiglech, datt, am Virfeld vum Bau vum Immobiliëprojet keng Buedemprouwe vu staatlecher Säit aus duerchgefouert goufen?
  3. Maachen d’ëffentlech Autoritéiten – d’Gemeng Lëtzebuerg an d’Ëmweltverwaltung – sech et ze einfach, wann se d’Responsabilitéit op de Promoteur oder de Bauhär ofwälzen? 
  4. De Kadaster fir al Dechargen a kontaminéiert Sitten (CASIPRO) ass dem breede Public nëmme schwéier zougänglech. D’Privatleit mussen oft selwer aktiv ginn a laang investigéieren, fir iwwerhaapt un Donnéeën ze kommen. Misst net och de Staat senger Fürsorgepflicht gerecht ginn an déi néideg Analyse selwer duerchféieren, d’Schantjen iwwerwaachen an d’Informatiounen dem Public ganz einfach zougänglech maachen? 

Fro Nummer 3319

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert