Connect with us

Questions parlementaires

Aldi-Werbung an enger Zäitschrëft fir nohaltëg Landwirtschaft?

Source: Gudd!–Magazinn vum Landwirtschaftsministère (Dezember 2020). Fonnt op: https://twitter.com/codefiscal/status/1339834513317355520/photo/1

Den 19ten Dezember 2016 huet de Landwirtschaftsministère en neie Magazin virgestallt mam Titel “Gudd!“. Informatioun, Transparenz a Liewensmëttelkontroll waren déi dräi Stéchwierder, déi am Mëttelpunkt sollte stoen. Am Pressecommuniqué vun deemools stoung ze liesen “Qualitativ héichwäerteg, sécher, aus enger nohalteger Produktioun stamend an zu engem abordabele Präis ugebuede Liewesmëttel ze kréien ass méiglech”. E bësse méi wäit war ze liesen “An enger Welt vun Iwwerkonsommatioun gi mer eiser Nahrung net méi déi richteg Wäertschätzung”.  

“GUDD!” gëtt vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung erausginn a vun der Maison Moderne realiséiert, dat heescht konzipéiert, gesat a gedréckt. E kënnt am Prinzip zweemol d’Joër eraus, den Tirage läit bei 246.000 Exemplaren, an anere Wierder: e läit an all Boîte. Aus dem Impressum geet ervir, datt och d’Publicitéit vun der Maison Moderne kënnt.       

An der aktueller Nummer (Nr. 8.2020 vum 16.12.20) ënnersträicht de Minister nach eng Kéier, wéi wichteg et him ass “den Accent  op d’Promotioun vun eiser lokaler Produktioun ze setzen“ an “datt d’Leit sech mol nees iwwert de Stellewäert vun eiser Landwirtschaft bewosst ginn“. Hie stellt och fest, datt am Fleeschsecteur d’Präisser während der COVID-19-Kriis zeréckgaang sinn.  Am “Gudd!” ass och Publicitéit ze fannen. Reklamme fir Lëtzebuerger Rëndsfleesch, Antigaspi-Initiativen a lokal an equitabel Epicerien hunn hei sécher hir Plaz. Wann allerdéngs, wéi elo op der Säit 27, eng ganzsäiteg Reklamm fir ee bekannten Discounter dran ass, mat Slogane wéi “Eis Feierdeeg, chic an net deier“, da stellt ee sech d’Fro, wéi dat zu den uewegenannten Zieler passt.  

  1. Sinn d’international Discounter e festen Deel vun der lokaler an der Bio-Strategie vun der Regierung?
  2. Ass de Minister net der Meenung, datt de Präisverfall vun de Fleeschpräisser och vun esou international Discounter mat verschold ass?
  3. Op wei engem Niveau gesäit de Minister ee korrekte Präis fir eist Fleesch? Ass de Minister der Meenung, dass bei den internationalen Discounter hei am Land ee faire Präis iwwreg bleift fir de Produzent?
  4. Ass dës Reklamm, wann een d’Dumpingpräispolitik vun esou groussen internationale Gruppe kuckt, net eng riicht an d’Gesicht fir all Bauer hei am Land? 
  5. Wat kascht d’Publikatioun “GUDD!” de Ministère pro Joer? Pro Nummer (opgelëscht pro Ausgab)?
  6. Huet de Minister eng kloer Guideline eraus gi fir eng Publicitéit? Falls jo, no wéi enge Krittären ginn d’Publizitären erausgesicht? Falls nee, fënnt de Ministère et richteg, dass bei esou enger Publikatioun mam kloren Zill, eis lokal Landwirtschaft ze stäerken, alles, och Annonce wou géint eng lokal an nohalteg Produktioun schwätzen, a Punkto Reklamm erlaabt ass? 
  7. Wei eng Oplagen huet de Ministère der Maison Modern mat op de Wee gi beim erstelle vun “Gudd!”? 
  8. Gëtt bei der Verdeelung op d’Restriktioun “Keng Reklamm w.e.g. – Pas de publicité s.v.p.” opgepasst? 

Fro Nummer 3340

Verlaf an der Chamber

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert