Connect with us

Questions parlementaires

Neie Coronavirus an England: wéi reagéiert Lëtzebuerg?

Wéi an der nationaler an internationaler Press haut iwwerall ze liesen ass, goufen et an England – virun allem am Südoste vum Land an zu London – Infektioune mat enger mutéierter Variant vum Coronavirus. Dem brittesche Gesondheetsminister no ass d’Situatioun ganz eescht ze huelen. Déi brittesch Regierung huet dofir bis zum Enn vum Joer ee strenge Lockdown bis zum Enn vum Joer ugeuerdent.

Vereenzelt EU-Länner, wéi d’Belsch, Holland an Italien, hunn aus Virsiichtsmoossnam sämtlech Passagéierverbindungen iwwert Loft a Schinn aus dem Vereenegte Kinnekräich suspendéiert. Och Regierungen aus anere Länner envisagéieren –Stand haut– dat nämmlecht ze maachen.

D’Piraten hunn d’Regierung un dësem Sondëg an enger parlamentarescher Drénglechkeetsfro no méi Informatiounen gefrot:

  1. Wéi evaluéiert d’Regierung d’Situatioun ëm déi mutéiert Variant vum Coronavirus am Vereenegte Kinnekräich?
  2. Wäert d’Regierung, esou wéi eis Nopeschlänner, Passagéierfluchverbindungen tëscht Lëtzebuerg an dem Vereenegte Kinnekräich bis op Weideres sträichen?

Fro n°3349

Verlaaf an der Chamber

Den Ausseministère huet um Sonndegowend folgend Kommunikatioun erausginn:

En Grande-Bretagne, une nouvelle souche du coronavirus a été détectée. Elle est présentée comme plus contagieuse. Le Luxembourg interdit temporairement les vols passagers en provenance du Royaume-Uni à partir de minuit d’aujourd’hui pour au moins 24 heures, ceci par précaution et dans l’attente de nouvelles connaissances scientifiques concluantes. Une instruction en ce sens a été donnée par le ministère de la Santé. Le ministère de la Mobilité a aussitôt demandé à la Direction de l’aviation civile d’ordonner à Luxairport de prendre les mesures nécessaires pour appliquer cette interdiction d’atterrissage pour les vols passagers en provenance du Royaume-Uni.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert