Connect with us

Déiereschutz

FRO.LU: Importatioun vun Hënn aus dem Ausland

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Landwirtschaft weiderzeleeden.

Laut Artikel 1 vum Règlement grand-ducal vum Mee 2008 zur Deklaratioun vun Hënn muss fir all Hond, deen an d’Land kënnt, een Zertifikat vun engem Déierendokter ausgestallt ginn. Dësen enthält zum Beispill den Numm an d’Adress vum Besëtzer.

 

Am Arrêté vun 29.10.1918 sinn d’Präisser fir d’Prestatioune vun engem Déierendokter festgeluecht. Dësen Arrêté ass elo iwwert 100 Joer al an d’Präisser sinn nach a Lëtzebuerger Frang.

  1. Gëtt et een uniforme Preis, deen all Déierendokter dierf fir d’Ausstelle vun esou engem Zertifikat froen?
  2. Sinn aktualiséiert Präisser anzwousch festgehalen?

     

    Wou kënnen sech d’Leit iwwert déi aktuell Präisser, déi een Déierendokter fir seng Aarbecht dierf froen, informéieren?

Fro n°3386

Dës Fro gouf op fro.lu gestallt. Surft och dir laanscht an stellt är Froen op www.fro.lu

Verlaaf an der Chamber

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert