Connect with us

Questions parlementaires

Congé politique wann een an enger Aarbechtsmesure ass

Gemengemandatairen hunn ee Recht op ee Congé politique, fir dass si hiert Mandat och onofhängeg erfëlle kënnen. Um Site vum Inneministère kann een noliesen: ““Les bourgmestres, échevins et conseillers communaux ont droit à un congé politique pour les heures de travail consacrées à l’exercice de leur mandat politique. Le droit au congé politique se fonde sur les articles 78 à 81 de la loi communale modifiée du 13 décembre 1988.“” Am groussherzogleche Reglement vum 6ten Dezember 1989 gëtt präziséiert, dass de Gemengemandataire de Congé am Prinzipp „à sa convenance“ kann huelen an dass de Congé als Aarbechtszäit ze gesinn ass, mam Beibehale vum Aarbechterschutz an der Sozialversécherung. An den Äntwerter op virrecht parlamentaresch Froen (n°7226&7244) hat den deemolegen Aarbechtsminister erkläert, dass Persounen an enger Aarbechtsmesure bei der ADEM (OTI, CAE, CIE, SP oder CRE) kee Recht op extraordinaire Congéeën hunn. Dëst, well dës Persounen an enger Mesure spéciale net als “Salarié” gëllen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëllt de Congé politique fir Persounen, déi an enger Aarbechtsmesure bei der ADEM ageschriwwe sinn?  Falls net, wäert d’Regierung hei Ännerunge virgesinn? 

  2. Wäert déi nei Regierung dofir suergen, dass d’Leit an enger Mesure d’emploi bei der ADEM an Zukunft och vun de Congés extraordinaires kënne profitéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 325

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert