Questions parlementaires
Sonderstatut vum CFL-Personal – Nofro
D’Rechter an d’Fliichte vum CFL-Personal ginn duerch ee Spezialgesetz vun 1920 gereegelt. Zënter méi wéi engem Joerhonnert gëllt dëse Sonderstatut mat senge ganz eegene Reegelen abseits vum Code du Travail an de Gesetzer vum Staatsbeamtestatut. Reegelméisseg mécht de Staatsrot a sengen Avis’en (zum Beispill n°60.075 oder och 60.421) zu groussherzogleche Reglementer betreffend dem CFL-Statut de Constat, dass déi legal Basis, déi de Sonderstatut vum CFL-Bedénschtete reegelt, net duergeet. Et gëtt virun allem bemängelt, dass d’Regierung laut eiser Verfassung guer net d’Kompetenzen hätt, fir de gesamte Statut an engem groussherzogleche Reglement festzehalen, well d’Grenzen vun hire Méiglechkeete vun eiser Verfassung iwwerschratt wieren. Doraus kann ee schléissen, dass d’Chamber als Legislateur de Statut muss iwwert ee Gesetz reegelen. D’Gesetz vun 1920 misst iwwerschafft oder ersat ginn. De Sonderstatut an d’Assimiléierung vum CFL-Bedéngschteten un de Fonctionnaires-Statut si juristesch gesinn net kloer. Sinn CFL-Mataarbechter eng Zort Fonctionnairen mat alle Rechter a Fliichten? Oder sinn se et net? An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°5944 zu dësem Thema, hat de fréiere Koalitiounspartner a Virgänger vun der aktueller Mobilitéitsministesch geäntwert, dass eng Reform vum aktuelle Sonderstatut net geplangt wier, „mee eng nächst Regierung wäert sech mussen dëser Fro sécher unhuelen.”
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Wäert dës Regierung sech dësem Dossier unhuelen oder wäert si beim CFL-Sonderstatut alles beim Ale beloossen?
QP Nummer 320