Connect with us

Questions parlementaires

Ausbau vum Netz u Luetstatiounen

Déi heite Regierung huet am Koalitiounsaccord ugekënnegt, fir de Bau vun ëffentleche Luetstatiounen „de manière ciblée“ auszebauen. Genee Zuelen sinn awer am Koalitiounsaccord keng genannt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill ëffentlech Luetstatioune ginn et, Stand Dezember, 2023 zu Lëtzebuerg?

  2. Wéi vill Luetstatioune goufen insgesamt zu Lëtzebuerg installéiert?

  3. Wéi vill Schnelluedestatiounen (opgelëscht no Leeschtung) existéieren zu Lëtzebuerg, Stand Dezember 2023?

  4. Wéi een Zil huet d’Regierung sech fir de Bau vun neie Luetstatioune gesat?  Wéi vill ëffentlech Luetstatioune solle bis 2028 gebaut ginn? Wéi vill Schnellluedestatiounen (opgelëscht no Leeschtung) solle bis 2028 gebaut ginn?

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert