Connect with us

Questions parlementaires

Exzessif Loyeren um Wunnmarché

Am Mietgesetz vun 2006 ass d’Reegel festgehalen, dass ee Proprietaire vun enger Wunneng net méi wéi 5% vum investéierte Kapital als Loyer dierf froen. Een Appartement, dat ee viru Jorzéngten fir 200.000€ kaf huet (ouni weider Renovatiounen), kéint een haut also maximal fir 10.000€/Joer verlounen, also ronn 800€/Mount. 2014 hat den honorablen Deputéierten Guy Arendt an der Fro n°425 opgeworf, ob et Statistiken oder Zuelen géife ginn, fir ze gesinn, wi oft exzessif Loyeren um Wunnmarché gefrot ginn. „Nee“ war d’Äntwert vun der deemoleger DP-Ministesch Nagel, mee et géif een am Logementsministère kucken, fir d’Locatairen iwwert hir Rechter z’informéieren (Stand 2014). De Gesetzesprojet zum neie Mietgesetz, dee vun der viregter Koalitioun ausgeschafft gouf, läit zënter 2020 an der Chamber. Dëse Projet sollt fir méi Transparenz suergen, well de Capital investi vun der Immobilie soll an de Mietkontrakt drastoe kommen. Dëst géif et de Locatairen erlaben, fir ze kontrolléieren, ob hir Loyere legal sinn oder ob et sech ëm een exzessive Loyer handelt. Den aktuell Logementsminister hat ugekënnegt, nach weider un dësem Gesetz wëllen ze schaffen, fir d’Interesse vu Locatairen a Proprietairen an d’Gläichgewiicht ze bréngen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi sinn d’Locatairen ënnert der aktueller Gesetzgebung virun exzessive Loyere geschützt? 

  2. U wie kënne Locatairen sech wenden, wann si Affer vun exzessive Loyere sinn? 

  3. Wéi soll de Locataire handelen, wann e weess, dass en Affer vun engem exzessive Loyer ass?

  4. Ass de Minister der Meenung, dass dës Schutzmechanisme wierksam sinn?

  5. Wéi steet de Minister zum Plafond vu 5%, wéi en aktuell am Gesetz steet: wëll d’Regierung dësen esou beibehalen wéi en ass? Falls nee, wat sinn dem Minister seng Pläng?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 161

Continue Reading