Questions parlementaires
Subside fir Déierenasyler
Traditionell heescht et an den Déierenasyler no de Chrëschtdeeg oder an den Zäiten vun der Summervakanz: „Alle Jahre wieder“. Zu dësen Zäiten ginn d’Zuele vun den Déieren, déi an den Asyler landen, däitlech erop. Déierenasyler leeschten ee wichtege Bäitrag am Schutz vun den Déieren, well se den Déieren, déi net méi dierfen oder kënnen an hirem Doheem bleiwen, eng Méiglechkeet ginn, gutt ënnerzekommen an ee neit Doheem ze fannen. Et gi vill Fäll, wou Persounen mat verschiddenste Grënn sech net méi selwer kënnen ëm hirt Hausdéier këmmeren an et mussen an engem Asyl ofginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Wéi vill Subside goufe vum Lëtzebuerg Staat an de leschte 5 Joer un Déierenasyler (opgelëscht pro Standuert) respektiv un d’ASBLen, déi entspriechend Strukture bedreiwen, ausbezuelt?
QP Nummer 148