Direkteren ouni Befugnisser – Eng Realitéit an de Gemengesyndikater

Aus enger rezenter Entrevue mat der Association luxembourgeoise des ingénieurs-directeurs et ingénieurs-directeurs adjoints des syndicats de communes (ALID asbl) geet ervir, datt an der Legislatioun vum Gemengegesetz an iwwert d’Gemengesyndikater grouss Lacunnen existéieren, wat de geneeë Statut an d’Kompetenze vun den Direkteren (méi präzis den ingénieurs-directeurs an den ingénieurs-directeurs adjoints) an de Gemengesyndikater ugeet. Dës si vun hire Syndikat-Komiteeën op de Poste gewielt ginn a këmmeren sech ëm d’Dagesgeschäft vun de Syndikater.  Si droen zwar den Titel Direkter, hunn awer eigentlech net di legal Kompetenzen an den Handlungsspillraum vun engem Direkter. Si hu keng Delegatioun de Signature an däerfen deemno offiziell mol net eng Commande ënnerschreiwen. Si hu kee Präsenzrecht a keng berodend Funktioun an de Büros- a Comitéssëtzungen an och net de rechtleche Pouvoir fir deene ville Mataarbechter, déi hinnen ënnerstallt sinn, Uerderen z’erdeelen. De Risiko, sech strofbar ze maachen, ass konkret a permanent.   D’Verantwortung vun dësen Direkteren ass deemno eng «responsabilité de fait», mee se misst awer, der Realitéit no, eng «responsabilité de droit» sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Inneministesch Kenntnis dovunner, datt d’Tätegkeete vun den ingénieurs-directeurs an den ingénieurs-directeurs adjoints am Moment nach ëmmer keng richteg Base legale hunn, respektiv net vollstänneg dovu gedeckt sinn?

  2. Plangt d’Inneministesch, datt d’Direkteren een Ënnerschrëftsrecht, änlech wéi d’Direkteren aus de Staatsverwaltunge kréien?

  3. Missten d’Direkteren net och e Präsenzrecht an eng consultativ Stëmm an de Sitzunge vun hire jeeweilege Gremie vun de Syndikater kréie fir déi Beräicher, wou si d’Soen an d’Expertise hunn?

  4. Misst net och dat Weisungsrecht, wat si hirem Personal géigeniwwer hunn, gesetzlech verankert ginn?

  5. Wéi wäit ginn d’Iwwerleeungen am Interieur, fir dëse Fuerderunge gerecht ze ginn?

  6. Wäert dës Lacune virun der Ëmsetzung vum Gemengegesetz gesetzlech gereegelt ginn? Wäert op mannst virum Enn vun dëser Legislatur eng Iwwergangsléisung agesat ginn, wou d’Ënnerschrëftsrecht, d’Präsenzrecht an d’Weisungsrecht gesetzlech gereegelt ginn? Falls nee, wat schwätzt dogéint?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3851