Connect with us

Questions parlementaires

Verbuet vun Hausdéieren a Sozialwunnengen

Schwiereg finanziell Situatioune féieren dozou, dass verschidde Biergerinnen a Bierger hier Wunneng verloosse mussen. Virun allem an Zäite vun ëmmer steigende Wunnpräisser kënnt dëst net seele vir. Déi Betraffe kënnen an deem Fall beim Office Social an hirer Gemeng no Hëllef froen. Den Office Social kann den Demandeur dann un eng Organisatioun weiderleeden, déi Logementer zu soziale Konditiounen zur Verfügung stellt, déi de Persounen als Iwwergangsléisung déngen.  Mir ass zougedroe ginn, an dat méi wéi eng Kéier, dass d’Beneficiairë vun esou Wunnengen an hirem Mietkontrakt verbuede kréien Hausdéieren an dëser Wunneng ze halen. Dës Bedéngung stellt vill Locatairë virun ee schreckleche Choix: fir d’Wunneng kënnen an Usproch ze huelen, muss d’Hausdéier entweder bei Kolleegen oder Frënn ënnerkommen, an een Déierenasyl goen, ausgesat ginn oder et gëtt am schlëmmste Fall dout gemaach . Objektiv gesinn ass et zweiwelhaft, ob Hausdéieren an enger Wunneng automatesch dozou féieren, dass den Zoustand vun dëser sech verschlechtert. Am Normalfall gëtt am Locatiounskontrakt souwisou festgehalen, dass d’Wunneng an deem Zoustand muss zeréckgelooss ginn, an deem se an Usproch geholl gouf. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Dierfe Propriétäre vu Wunnengen, déi iwwert een Office Social oder engem vu senge Sozialpartner vermëttelt ginn, Locatairë mat Hausdéieren ofweisen?

  2. Wäert d’Regierung sech dofir asetzen, dass d’Locatairen an Zukunft mat hiren Hausdéiere kënnen a Sozialwunnenge wunnen? Falls jo, wäerten d’Ministeren ee Gespréich mam Secteur sichen, fir eng Léisung heizou ze fannen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3813

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert