Connect with us

Questions parlementaires

Diskussiounskultur beim CGDIS

A senger parlamentarescher Fro n°1505 iwwer d’Uwennung vum Body-Mass-Index beim CGDIS hat de Sven Clement Äntwerte vun der Ministesch krut, déi kloer maachen, dass de Body-Mass-Index een entscheedende Krittär fir d’Suspendéiere vu CGDIS-Fräiwëllegen ass. Op de sozialen Netzwierker zirkuléieren eng Rëtsch Bäiträg vu CGDIS-Memberen, an deene kritiséiert gëtt, dass Fräiwëlleger mat engem ze héije Body-Mass-Index (BMI) pauschal vun allen Aktivitéite beim CGDIS suspendéiert goufen.  An fréiere parlamentaresche Froen hat ech mech mat der Situatioun vun de Fräiwëllege beim CGDIS befaasst, woubäi ech a menger leschter Fro n°2723 Informatiounen doriwwer wollt hunn, wéi d’Kommunikatioun tëschent de verschiddenen hierarcheschen Niveau’en beim CGDIS ausgesäit. Mäi Virschlag vun engem anonymme Feedbacksystem beim CGDIS gouf vun der Ministesch net zeréckbehalen, mam Argument, dass d’Ministesch déi oppe Dialog-Kultur vum CGDIS ënnerstëtzt: ““En anonyme Feedbacksystem existéiert net. Et ass och net geplangt, esou e System anzeféieren. De CGDIS leet Wäert op eng oppen Dialog-Kultur, wou jiddereen d‘Méiglechkeet kritt, sech fräi a kritesch auszedrécken. Doriwwer eraus huet all fräiwëllege Member d‘Méiglechkeet fir sech un de gewieltene Vertrieder vun de fräiwëllege Pompjeeën am Verwaltungsrot ze riichten. Als Inneministesch ënnerstëtzen ech déi konsequent an oppe Kommunikatiounspolitik vum CGDIS.” Wéi genee dës „Dialog-Kultur“ ausgesäit, gouf an der Fro allerdéngs net präziséiert. Kloer ass, dass zum Dialog ëmmer mindestens zwee Partner gehéieren. Oft ass och esou, dass den Dialog extern gesicht gëtt, wann en intern net erreecht ka ginn. D’Messagen op de soziale Netzwierker loossen dorobber schléissen, dass déi sougenannten Dialog-Kultur nach verbessert ka ginn. An den Debatte ronderëm de nationale Plang zum Rettungswiesen an der Chamber (PNOS) hat d’Ministesch nach ënnerstrach, dass d’Fräiwëlleger weiderhin ee Pilier vum Rettungswiese wäerte bleiwen, och wann d’Proportioun vu professionelle CGDIS-Memberen an den nächste Joren däitlech wäert gesteigert ginn. Wichteg dobäi ass, dass et beim CGDIS net zu enger Zwou-Klasse-Gesellschaft dierf kommen. D’Benevolle musse mat de professionelle gläichgestallt bleiwen.  Grad, wann et dorëm geet, intern Dysfonctionnementer z’identifizéieren an ze behiewen, kënne Fräiwëlleger immens wäertvoll sinn, well si duerch hiert Éierenamt eng finanziell Onofhängegkeet vis-à-vis vum CGDIS hunn. Dëst erlaabt et hinnen a verschiddene Situatiounen och d’Hierarchie am CGDIS méi kritesch ze hannerfroen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi definéiert sech d’Dialog-Kultur, déi d’Ministesch ugeschnidden hat?  • Wéi eng Méiglechkeete stinn de CGDIS-Memberen zur Verfügung, fir gehéiert ze ginn?  • Wéi oft melle Memberen sech am Duerchschnëtt bei der Direktioun vum CGDIS?  • Wat sinn d’Haaptuleies’en vun de Leit um Terrain a wéi reaktiv sinn d’Responsabel? • Wéi oft gi Reuniounen tëscht de Responsabelen an de Leit um Terrain duerchgefouert?

  2. Mat wéi engen Indicateure gëtt d’Zefriddenheet vun de CGDIS-Memberen (Fräiwëlleger a Personal) gemooss?

  3. Wéi héich war den Taux d’Absentéisme beim CGDIS an de Joren 2019 an 2020?

  4. Schléisst d’Ministesch aus, dass et beim CGDIS jeemools wäerten intern Feedbacksystemer ginn, déi d’vertikal Kommunikatioun an der Hierarchie vereinfachen? Wéi kann d’Kommunikatiounskultur alternativ nach verbessert ginn?

  5. Zur Fro vum Body-Mass-Index:  Wäert de CGDIS d’Linn bäibehalen, dass een ze héije BMI automatesch zu enger Suspendéierung aus allen Aktivitéite féiert an och deenen, déi primär net mat Asätz verbonne sinn?  Oder wäert een op de Wee goen, deene concernéierte Fräiwëllegen aner Responsabilitéiten am CGDIS z’iwwerdroen, bei deenen een ze héije BPI keng Problemer duerstellt? Falls Zweeteres antrëfft, wéi eng Aktivitéite kënnen dës Fräiwëlleger nach ausüben?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4440

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert