Connect with us

Questions parlementaires

Gewaltfräi Erzéihung vu Kanner

Unicef Däitschland an de Kinderschutzverbund hunn 2020 eng Etüd iwwert Gewalt am Erzéiungsberäich an Optrag ginn. 2’500 Persoune goufe befrot, op si fannen, dass et akzeptabel ass, dat eegent Kand op den Hënner oder an d’Gesicht ze schloen. All 6ten huet uginn, dass eng op de Bak an der Rei wier, d’Hallschent huet fonnt dass et akzeptabel ass, d’Kand op den Hënner ze schloen. An Däitschland gouf am Joer 2000 duerch ee Gesetz festgehalen, dass all Kand d’Recht op eng gewaltfräi Erzéiung huet.  Laut enger Etüd vun 2016 vun der University of Texas „Spanking and child outcomes: Old controversies and new meta-analyses“, steigt mat all kierperlecher Form vun Züchtegung de Risiko fir psychologesch Problemer ze entwéckelen a steigert ausserdemd’Agressivitéitspotential. Zu Lëtzebuerg gëtt d’Maltraitance physique vun engem Kand folgendermoossen definéiert:  „Il s’agit de tout traumatisme physique intentionnellement infligé à un enfant comme les coups, les secousses, les morsures, les égratignures, les brûlures, etc.“

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gesäit d’Regierung dës Problematik?

  2. Goufen och zu Lëtzebuerg schonn esou Etüde realiséiert?

  3. Wéi ginn d’Elteren hei sensibiliséiert?

  4. Wéi ginn d’Kanner an deem Kontext iwwert hir Rechter opgekläert? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4454

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert