Connect with us

Questions parlementaires

Nuetsflich um Findel

An der Äntwert op eng vu menge parlamentaresche Froen (n°4194) zum Klimabilan vun der Cargolux, hunn d’Ëmweltministesch an de Mobilitéitsminister erkläert,  ““Cargolux huet sech mat der ANA engagéiert, fir déi bescht Uwennung vun den Ausnamen zum Nuetsfluchverbuet festzeleen. Am Kader vum Aktiounsplang géint de Kaméidi, hunn d‘ ANA a Cargolux 2018 eng „Charte de lutte contre les nuisances sonores“ ënnerschriwwen. D’Zil vun dëser Charte ass et, d’Nuetsflich an d’Motostester ze limitéieren an déi bescht Methoden a Verhalensweise fir eng Réductioun vum Kaméidi unzewennen.“ ”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn an dëser Charte konkret Ziler festgehalen, wat d’Unzuel vun den Nuetsflich an de Geräischpegel ugeet?

  2. Hunn nach weider Fluchgesellschaft esou Charten ënnerschriwwen? 

  3. Falls an der Charte vun 2018 keng konkret Ziler festgehale sinn, gedenkt de Mobilitéitsminister esou Ziler mat der Cargolux an den aneren Fluchgesellschaft opzestellen?

  4. Ass een Datum virgesinn, ab deem keng Nuetsflich méi vum Findel aus geflu ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4453

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert