Connect with us

Questions parlementaires

D’Schluechtung vun Déieren aus Biohaltung

Laut Zuele vum Landwirtschaftsministère, goufen zu Lëtzebuerg am Dezember 2020 ronn 20.500 Déiere geschluecht. Haaptsächlech handelt et sech bei den Déieren ëm Kéi a Schwäin.  Am Joer 2019 waren 82 Landwirtschaftlech Betriber als Bio-Betriber bei der Asta ugemellt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn a puncto Schluechtung Ënnerscheeder tëscht de Bio-Déieren an den Déieren aus der konventioneller Landwirtschaft gemaach zu Lëtzebuerg? Falls jo, wéi gëtt am Schluechthaus sécher gestallt, dass d’Bio-Déieren net mat den Déieren aus konventioneller Haltung vermëscht ginn?

  2. Muss de Bio-Bauer seng Déieren an d’Schluechthaus féieren oder huet en d’Méiglechkeet op Alternativen zréck ze gräifen, déi mat manner Stress fir d’Déier verbonne sinn? Zum Beispill eng mobil Schluecht-Statioun, wou d’Déieren net mussen an een Transporter, fir bis bei d’Schluechthaus gefouert ze ginn?

  3. Duerch d’Schluechten am Betrib, kann den Déiere vill Stress erspuert ginn. An Däitschland ass dofir d’sougenannten „Weideschlachtung“ bei Déieren, déi hiert d’ganzt Liewen op enger Wiss verbruecht hunn, méiglech.  Ginn et zu Lëtzebuerg Méiglechkeeten, fir Déieren am Betrib ze schluechten, déi net ënner de Fall vun enger Noutschluechtung falen? • Falls jo, wéi vill Betriber dierfen op esou eng Schluechtungs-Method zréck gräifen? • Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3893

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert