Questions parlementaires
Ëmweltschounend Beliichtung
2020 gouf an der Chamber eng Debatt gefouert iwwert d’Lichtverschmutzung a wéi een Impakt dës op eis Ëmwelt souwéi Mënsch an Déier huet. Grad bei ville Déieren ass kënschtlech Luucht ee Problem, well hire Rhythmus an hiert Verhale verännert ginn. Sou gouf zum Beispill bei Insekten oder Fliedermais erausfonnt, dass d’Luucht hier Orientatioun stéiert an deemno och d’Paarungsverhalen negativ beanträchtegt, wat dann erëm ee Risiko fir d’Biodiversitéit ass. Vill Spadséierweeër, Nationalstroossen an Autobunnen, wou och Luuchtepottoen stinn, féieren duerch oder laanscht Natura2000-Zonen. D’Liichtverschmotzung gëtt als ee Punkt am nationale Plang fir Naturschutz (PNPN3) opgefouert, deen och dës Regierung ënnerstëtzt, laut Koalitiounsaccord. De Plang verweist op de „Leitfaden „Gutes Licht“ im Außenraum für das Großherzogtum Luxemburg“, wou recommandéiert gëtt, fir op insektenschounend an eng ugepasste Beliichtung ze setzen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Op wéi enge Weeër a Stroossen hei am Land si schonns déierefrëndlech Luuchten installéiert? Op wéi engen Stroossen ass dat nach net de Fall?
QP Nummer 250