Questions parlementaires
Chrëschtdagskaddo beim CGDIS, mee net fir jiddereen
Mir ass zougedroe ginn, dass de CGDIS senge Mataarbechter fir d’Feierdeeg ee klenge Kaddo gemaach huet. Souwuel déi technesch Mataarbechter wéi och d’Beruffspompjeeën kruten esou ee Kaddo. Mee di fräiwëlleg Pompjeeë goufen hei scheinbar vergiess.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Kruten di fräiwëlleg Pompjeeën ee Kaddo um Enn vum leschte Joer geschenkt? Falls jo, wat war dat? Falls nee, firwat net?
Wéi vill Kaddoe goufen insgesamt beim dem CGDIS verdeelt?
QP Nummer 235