Connect with us

Questions parlementaires

Erhéijung vun der Primm fir de Bereetschaftsdéngscht am ëffentlechen Déngscht

Am Mäerz 2017 hat de fréiere Minister fir Bannenugeleeënheeten an ëffentlechen Déngscht am Kader vun enger Generalversammlung vun der ALBSC gesot, et géif am ëffentlechen Déngscht keng Upassunge beim Primmesystem méi ginn, bis eng generell Etüd iwwert d’Primmen ofgeschloss wär. Aus der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4947 geet ervir, datt déi besoten Etüd eréischt am Fréijoer 2022 soll ofgeschloss ginn an dono der Chamber virgestallt wäert ginn. Trotz dësen Ukënnegungen an obwuel déi besoten Etude nach net ofgeschloss ass, huet de Minister fir den ëffentlechen Déngscht den 11te Februar 2021 Upassungen am Kollektivvertrag vun de Staatsaarbechter ugeholl an domadder och enger Erhéijung vun der Bereetschaftsprimm zougestëmmt, déi am Artikel 20 vum Accord festgehalen ass. Wann een d’Stonnenindemnisatiounen op Fallbeispiller an der Realitéit norechent, erginn sech zum Deel Bereetschaftsprimme vun e puer dausend Euro pro Mount pro Salarié. Ee Salarié kéint deemno pro Mount ee Maximum vu bal 5000€ un Zouschléi erwirtschaften. Dëst hänkt natierlech och vum Poste vun der betreffender Persoun of an ob op dësem Posten eng permanent Bereetschaft muss assuréiert sinn, wéi zum Beispill beim Wanterdéngscht an enger Gemeng oder bei Ponts et Chaussées. A verschiddene Gemenge ginn et verschidde Plazen, op deene permanent eng Bereetschaft muss assuréiert sinn. Deemno wäert dës Primm, jee nom Montant an op d’Joer gesinn, sécherlech och een Impakt op d’Gemengefinanzen hunn. Nom genannte Fallbeispill géif eng permanent Bereetschaft eng d’Gemeng pro Joer 60000€ pro Salarié kaschten, an dat zousätzlech zum Basisgehalt vun dëser Persoun.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung bestätegen, dass dës Primm op deen Datum vum 11te Februar 2021 ugepasst gouf? Falls jo, firwat gouf net op d’Finaliséierung an d’Publizéierung vun der Etüd gewaart?

  2. Kann d’Regierung erklären, wéi de Montant vun der Bereetschaftsprimm, déi am Artikel 20 festgehalen ass, berechent gëtt? Kann d’Regierung dës Rechnung un Hand vun zwee Fallbeispiller chiffréieren?

  3. Wéi vill Salariéë beim Staat ënnerleien enger Bereetschaft a kommen an de Genoss vun dësem Zouschlo? Wéi eng zousätzlech Ausgabe bedeit des Modifikatioun fir de Staatsbudget?

  4. Wäerten d’Staatsbeamten, déi och enger Bereetschaft ënnerleien, ewéi zum Beispill d‘Cantonnieren, ënnert de Regime vun dëser Primm falen?

  5. Wéi vill Salariéë bei de Gemengen an de Gemengesyndikater ënnerleie enger Bereetschaft a wäerten dës Primm ausbezuelt kréien? Wéi vill zousätzlech Ausgabe bedeit dës fir d’Gemengen? Kann d‘Madame Minister och soen, a wéi ville Gemengen a Gemengesyndikater dës Primm wäert ausbezuelt ginn?  

  6. Verschidde Persounen, déi fir d’Gemengen an d’Syndikater schaffen, kréie fir hier Bereetschaft de Moment nach keng Primm. Dorënner falen zum Beispill d’Ingenieuren oder d’Direkteren. Wäert d’Regierung, ugesiichts vum existéierenden Accord, hei fir Gerechtegkeet schafen andeems och dës Persounen an de Genoss vun dëser Primm kommen?

  7. Huet de Syvicol dës geplangten Upassung am Virfeld vum Accord aviséiert? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5257

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert