Connect with us

Questions parlementaires

Ausschreiwung op Tankstell Steebrécken

Mam Gesetz vum 9te September 2021 relative au réaménagement de l’échangeur de Pontpierre situé sur l’autoroute A4 gouf d’Regierung ermächtegt, fir den Autobunnsknuet zu Steebrécken fir 71 Milliounen Euro nei maachen ze loossen. Een Deel vun dësen Aarbechte betrëfft d’Plënnere vun enger Tankstell, déi am neie Projet e puer honnert Meter uewerhalb vum ale Site soll gebaut ginn. An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1303 haten d’Ministeren annoncéiert, dass de Konzessionär vun der aler Tankstell gewiesselt huet an dass den neie Konzessionär vun der neier Tankstell an enger ëffentlecher Ausschreiwung vun August 2018 ausgewielt gi wier.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Entreprisen hate bei der ëffentlecher Ausschreiwung vum August 2018 matgemaach?

  2. Gouf d’Ausschreiwung iwwert de Portail des marchés publics gemaach? Falls jo, ënnert wéi enger Referenz ass d’Ausschreiwung ze fannen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5258

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert