Connect with us

Questions parlementaires

Handel mat Hai-Produiten

An engem rezenten Dokumentarfilm mam Numm „Seapiracy“, deen aktuell op enger bekanntener Streaming-Plattform ze gesinn ass, gëtt iwwert déi massiv negativ Konsequenze vun de Fëscherei-Industrie opgekläert. Am Documentaire gëtt och eng Praktik opgedeckt, déi ëmgangssproochlech „Finning“ genannt gëtt, a bei där Haie geziilt gefëscht gi mam Zil, hinnen d’Flossen ofzeschneiden. Dës Flosse gi virun allem um asiatesche Maart (mee net nëmmen) verkaf.  Duerch d’Wechfale vun Haien un der Spëtzt vun der Ernierungskette gëtt de globalen Ökosystem aus sengem natierleche Gläichgewiicht bruecht, wat gravéierend Folgen op d’Ëmwelt an d’Biodiversitéit op eisem Planéit huet.  Den Handel vun Haiflosse esou wéi aneren Hai-Produite gëtt bei wäitem net genuch duerch d’Washingtoner Aarteschutzofkommes (CITES) ënnerbonnen. Den EU-Reglementer n°1185/2003 an n°605/2013 no, ass et verbueden, d’Haiflossen um Schëff erofzeschneiden. Mee dës Reegel gëtt oft ëmgaangen, andeems d’Haien an den nächstgeleeënen Hafen transportéiert ginn, oder – an dat weist den Documentaire ganz gutt – einfach  ignoréiert, well vu staatlecher Säit seele bis ni Kontrolle gemaach ginn, wéi och d’Biergerinitiative n°ECI(2020)000001 „Stop Finning – Stop the Trade (Abtrennen von Flossen und Handel damit stoppen)“ ervirhieft. An Europa an och konkret zu Lëtzebuerg ginn nach ëmmer Haiflosse gehandelt, woubäi et bal onméiglech ass, erauszefannen, wou dës hierkommen. Laut der Organisatioun Sea Shepherd goufen eleng an Däitschland am Joer 2014 ronn 296 Tonnen Hai-Produiten aus Namibia, Vietnam an Indonesien importéiert. D’Produite ginn deelweis ënnert dem Numm „Seeaal“, „Forellenstör“ oder „Dornfisch“ verkaaft, wouduerch et fir de Konsument net ersiichtlech ass, dass et sech heibäi ëm Haifësch handelt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Hai-Produite sinn zënter 2013 zu Lëtzebuerg importéiert ginn, opgelëscht pro Joer? Aus wéi engen d’Hierkonftslänner? 

  2. An der CITES-Konventioun befannen sech aktuell nëmmen 10 vun iwwer 500 Hai-Aarten an dat och nëmmen an der Annexe II, deen den Handel net komplett ënnerbënnt, mee nëmme reglementéiert. Wéi kontrolléiert Lëtzebuerg, dass keng vun deenen 10 Aarte gefëscht a gehandelt gëtt?

  3. An den USA souwéi a Groussbritannien gouf rezent annoncéiert, dass een den Handel mat Haiflosse ganz wëll ënnerbannen. Wäert d’Regierung sech och dofir asetzen, fir den Handel vun Hai-Flossen hei am Land ze ënnerbannen? Falls jo, wéi eng Schrëtt wëll si aleeden? Falls nee, wisou?

  4. Durch wéi eng international Kooperatiounen setzt sech Lëtzebuerg fir den Erhalt vum maritimme Liewen an? Wéi vill Sue ginn all Joers an den Erhalt vu maritimme Liewen investéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4820

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert