Connect with us

Questions parlementaires

Komplett geimpft reesen

Laut BBC hunn 173 Länner bis elo de Covid-19 Vaccin vum Oxford-AstraZeneca benotzt, 99 de Vaccin vum Pfizer-BioNTec, 60 dee vu Sinopharm, 50 dee vu Moderna, 45 de Sputnik V Vaccin a 26 de Vaccin vu Janssen (Stand 21 Juni). Esou kann et virkommen, dass Persounen zu Lëtzebuerg mat engem Vaccin geimpft goufen, deen an hirem Zil-Land (nach) net unerkannt, respektiv net méi genotzt gëtt. An den USA zum Beispill, ass den AstraZeneca Vaccin nach net unerkannt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat fir Ustrengunge méscht Lëtzebuerg, respektiv d’EU, am Moment, fir dass Persounen déi zu Lëtzebuerg geimpft goufen, och bei Reesen an d’USA als komplett geimpft unerkannt ginn?

  2. Wat fir Ustrengunge méscht Lëtzebuerg, respektiv d’EU, am Moment, fir dass Persounen déi zu Lëtzebuerg geimpft goufen, och bei Reesen allgemeng an d’Ausland als komplett geimpft unerkannt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4822

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert