Connect with us

Questions parlementaires

Jugend-a Familljenhotel zu Rodange am Dhoïl

Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well een hei no vun engem Natura2000-Gebitt wäert eng gréisser Fläch versigelen, op Käschte vun der Natur. D’Leit vun de Biergerinitiativen Doihl a Kordall proposéieren zwee alternativ Terrainen, wou esou ee Projet drop kéint gebaut kéint ginn, dorënner den Terrain vun der aler Trax (Kadasternummer 1419/6439 an déi ëmleiend Parzellen), wou ronn 3 Hektar kéinte fir esou een Hotel genotzt ginn a wou de Staat Proprietär ass. Dës Weidere sinn dës Terrainen am Flächennotzungsplang (PAG) vun der Gemeng als bebaubar Terraine klasséiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ee Ministère ass zoustänneg fir d’Kadasterparzellen 1419/6436, 1419/6437, 1419/6438, 1419/6439 a 1419/6440?

  2. Wat plangt de Staat mat dësen Terrainen ze maachen? • Falls ee Projet do ass, wou ass dësen drun a bis wéini soll e fäerdeg gestallt ginn? • Falls nach kee Projet do ass: op wat gëtt gewaart?

  3. Sinn d’Terraine kontaminéiert a missten se am Fall vun enger Bebauung sanéiert ginn? 

  4. Wéi steet et ëm d’Stabilitéit vun den Terraine fir de Bau vu gréissere Strukturen?

  5. Gesinn d’Ministere Punkten, déi géint de Bau vun engem Hotel op dëser Plaz géife schwätzen?

  6. Wäerten déi zoustänneg Ministèren d’Gespréich mat de Bedeelegte sichen, fir ee Projet op dësem Site ze realiséieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7489

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert