Questions parlementaires
Energiekonzern RWE
De Moment gëtt an de Medie vill iwwert Lützerath geschwat. Den Energiekonzern RWE baut schonn zënter Joren direkt nieft Lützerath Kuel of. Fir d’Kapazitéite vum Kuelenofbau z’erweideren, soll Uertschaft zu Lützerath elo wechgerappt ginn. D’Leit goufen dowéinst mëttlerweil alleguer ëmgesidelt. Well den Ofbau vu Kuel als klimaschiedlech gëllt, hate Klimaaktivisten d’Duerf besat, fir op dës Aart a Weis ze probéieren, de Projet ze stoppen. RWE ass net nëmmen an Däitschland am Secteur vun der Energie aktiv, mee och hei am Land.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
A wéi enge Projeten zur Hierstellung vun Energie schafft de Lëtzebuerger Staat mat RWE zesummen?
Setzt de Lëtzebuerger Staat zesumme mat der RWE a Verwaltungsréit vu Gesellschaften? Wa jo, a wéi enge Gesellschaften ass dat de Fall an zënter wéini?
QP Nummer 7496