Connect with us

Questions parlementaires

Classement vu Gebaier

De 25te Februar 2022 ass dat neit Denkmalschutzgesetz a Kraaft getrueden. Nom Artikel 18 vum Gesetz kann all Interesséierten an all Organisatioun eng Demande de Classement fir ee Gebai un de Minister schécken. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch eng Kéier rappelléieren, wat déi eenzel Schrëtt an der Classements-Prozedur vun engem Gebai sinn, nodeems eng Demande agereecht gouf? Kann d’Ministesch erklären, wat fir eng Organer bei all Schrëtt vun dëser Prozedur intervenéieren a wéi eng Aufgaben hinne bei all Schrëtt zoukommen?

  2. Wien decidéiert iwwert d’Suite vun enger Demande de Classement an op Basis vu wat fir enge Krittäre gëtt dës Decisioun geholl? Aaneschters gefrot: wien decidéiert, ob ee Gebai eng Classements-Prozedur duerchleeft oder net?

  3. An engem Wort-Artikel vum 5te Januar 2023 huet den Direkter vum Institut national pour le patrimoine architectural (INPA) erkläert, dass d’Experte vum INPA, déi de Kulturminister beroden, op Basis vu legale Krittären an a wëssenschaftlecher Onofhängegkeet schaffen.  • Op wéi enger wëssenschaftlecher Methodologie baséiert sech den Expertegrupp vum INPA fir seng Analysen? Sinn dës Krittäre schrëftlech anzwousch festgehalen? Falls jo, wou?

  4. A wéi enge Fäll (no wéi enge Krittären) ginn d’Experte vum INPA op d’Plaz kucken, wéi et am Artikel 131 (2) vum Denkmalschutzgesetz virgesinn ass?  Wat fir eng Instrumenter benotzen d’Experte vum INPA bei dëse Visitten a no wat fir enger Methodologie gi se vir, fir d’Gebai z’analyséieren?

  5. Wat fir eng Roll kënnt der Commission pour le patrimoine culturel (COPAC) an der Prozedur vun engem Classement zegutt? Wat geschitt, am Fall vun engem Desaccord tëscht der COPAC an den Experte vum INPA?

  6. A wéi enge Fäll ginn extern Experten zu der Classements-Prozedur zougezunn? Sinn d’Resultater vun dësen Expertisë fir d’Ëffentlechkeet zougänglech?  Wa jo, iwwert wéi eng Weeër?  Wann nee, aus wéi eng Grënn wëll een dës Dokumenter net ëffentlech maachen?

  7. Wéi vill Deeg brauch eng Classementsprozedur am Duerchschnëtt (vum Areeche vun enger Demande bis zur Decisioun vum Minister)? Wéi ginn d’Demandeuren iwwert de Verlaf an Ausgang vun der Decisioun informéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7511

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert