Connect with us

Questions parlementaires

Strooss vu Bettebuerg op Hëncheréng

Viru kuerzem sinn ech mam Auto vu Beetebuerg a Richtung Hëncheréng gefuer. Am Ausgang vun Hëncheréng hunn ech festgestallt, dass do eng Aart Insel an d’Strooss gemoolt ginn ass, déi bei schlechte Wiederkonditiounen net gutt ze gesinn ass. En Deel vun der Strooss, dee soss riicht verlaf ass, gouf elo esou ëmgeleet, dass een entweder op déi fréier Géigespuer muss fuere respektiv een iwwert en Busarrêt muss fueren, den do laanscht déi ursprénglech Strooss verleeft. Et gouf un eis erugedroen, dass vill Leit déi néi Fuerbunnmarkéierung net gutt gesinn an et dowéinst ëmmer nees zu geféierleche Situatioune kënnt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Gedenkt de Ministère eppes ze ënnerhuelen, fir dës Plaz nees méi sécher ze gestallten an esou Accidenter ze vermeiden? • Wa jo, wéini soll dat gemaach ginn? • Wa nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7590

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert