Connect with us

Questions parlementaires

Accessibilitéit vu Garen

De 7ten Januar 2022 gouf an der Chamber d’Gesetz fir eenheetlech Krittäre fir een Handicapgerechten Accès zu Gebaier an der Voie publique gestëmmt. Esou mussen och Leit mat reduzéierter Mobilitéit kënnen Accès zu ëffentleche Gebaier a Servicer hunn, dorënner och Garen. Hei muss all Kéiers op mannst een Accès zum Service geschafe ginn. An de Garen wier dat zum Beispill een Lift deen den Accès zu de Quaien erméiglecht. Zu Rolleng op der Gare gëtt et een Lift, mee deen ass am Moment ausser Betrib, wat dozou féiert, dass d’Leit mat Kutschen, am Rollstull oder soss mobilitéitsméisseg ageschränkt net op de Quai kommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Garë si scho konform zum neien Accessibilitéitsgesetz ?

  2. Wéi eng Garen hunn deelweis d’Krittäre vum neien Accessibilitéitsgesetz schonn ëmgesat (opgelëscht no Gare, Aarbechten déi nach musse gemaach ginn an Zäitplang)?

  3. Wéi eng Garen erfëllen nach kee vun de Krittäre vum neie Gesetz (opgelëscht no Gare, Aarbechten déi nach musse gemaach ginn an Zäitplang)?

  4. Wéini wäert de Lift zu Rolleng gefleckt sinn?

  5. Wéi laang ass de Lift schonn ausser Betrib?

  6. Wéi ginn d’Passagéier driwwer informéiert, dass de Lift an enger Gare net geet wann se mam Zuch ënnerwee sinn?

  7. Gëtt d’Personal vum CFL heiriwwer informéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7599

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert