Legalitéit vu Geschécklechkeetsspiller

A menger parlamentarescher Fro n°2927 hat ech d’Justizministesch ëm Informatiounen zum legale Stand vum Glécksspill zu Lëtzebuerg gefrot. An hirer Äntwert schreift d’Ministesch, datt eng Ouverture vum Glécksspill aktuell net ugeduecht ass, mee datt de Moment gekuckt gëtt, ob a wéi, d’Legislatioun muss adaptéiert ginn. 

Eng Fro, déi sech bei dëser Reevaluatioun stellt, ass déi vum legale Stand vun de Geschécklechkeetsspiller am Beräich vum Glécksspill. E Geschécklechkeetsspill ass hei ee Spill, bei deem den Zoufall den Ausgang vun enger Partie matbestëmmt, woubäi de Spiller allerdéngs duerch verschidde Geschéckerlechkeeten, wéi zum Beispill Schnellegkeet, Prezisioun, Fangerspëtzegefill oder logescht Denken d’Resultat vun engem Spill ausschlaggeebend beanträchtege kann. D’Spill baséiert also net wéi beim klassesche Glécksspill, um rengen Zoufall, mee un enger Mëschung tëscht Fäegkeeten a Chance. 

Esou Geschécklechkeetsspiller gehéiere gewëssermoossen zu der lëtzebuerger Traditioun. Schonn am Artikel 7 vum abrogéierte Gesetz vum 15. Juni 1903 iwwert de Betrib vu Glécksspiller si Geschécklechkeetsspiller vun der Lëscht vun de verbuedene Spiller ausgeschloss ginn an och d’Virbereedungsaarbechte vum Gesetz vum 20. Abrëll 1977 weisen, dass d’Geschécklechkeetsspiller deemools op mannst dee gläiche Stellewäert haten, wéi zum Beispill de Billard, Darts oder de Kicker. 

Eng “Lecture a contrario” vum Dispositif vum Artikel 3 vum Gesetz vun 1977 kéint d’Legalitéit vu Geschécklechkeetsspiller, déi op der Geschécklechkeet AN dem Zoufall berouen, och haut nach emol ënnersträichen. Den aktuellen Text beseet:
“Est interdite sur la voie et dans les lieux publics et notamment dans les débits de boissons l’installation de tous appareils distributeurs d’argent, de jetons de consommation et, d’une manière générale, de tout appareil dont le fonctionnement repose sur l’adresse ou le hasard et qui sont destinés à procurer un gain ou une consommation moyennant enjeu.” […] ”

Eng Lecture à contrario vum Artikel 3 kéint sinn:
“Est autorisée sur la voie et dans les lieux publics et notamment dans les débits de boissons l’installation de tous appareils distributeurs d’argent, de jetons de consommation et, d’une manière générale, de tout appareil dont le fonctionnement repose sur l’adresse et le hasard et qui sont destinés à procurer un gain ou une consommation moyennant enjeu.””

Doriwwer eraus gouf am Arrêt de principe “Min. Public / Jastrow. ” vun der Cour Superieure (Correctionnellen Appell) vum 28te Mee 1966 d’Legalitéit vun de Geschécklechkeetsspiller festgehalen a säit 1966 ass dëser Jurisprudenz ni widdersprach ginn, voire se ass ni reviséiert ginn. D’Rechtsspriechung vun deemools hat festgehalen, dass Geschécklechkeetsspiller erlaabt kënne ginn, wann am Spill d’Proportioun vum Zoufall den Ausgank vun enger Partie manner beanträchtegt ewéi d’Proportioun vun der Geschécklechkeet vum Spiller. Aneschters formuléiert: wann ee Spill méi duerch d’Fäegkeete vum Spiller, wéi vum Zoufall kann entscheet ginn, wär et legal. Esou jiddefalls ass d’Rechtsspriechung vun 1966. No der Aféierung vum Gesetz vum 20ten Abrëll 1977 iwwert d’Glécksspill gouf et ee weideren Arrêt 1984 (JUDOC n°98405233), deen dat nämmlescht Argument vun der Proportionnalitéit erëm opgegraff hat. 

D’Situatioun gesäit deemno esou aus, wéi wann d’Gesetz vun 1977 nëmme Spiller verbitt, déi ausschliisslech um Zoufall oder der Geschécklechkeet vum Spiller berouen an net op beidem. Geschécklechkeetsspiller, déi de Krittäre vum Arrêt “Min. Public / Jastrow” entspriechen, géifen deemno net ënner dat geltend Gesetz falen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Bestätegt d’Justizministesch d’Legalitéit vu Geschécklechkeetsspiller, déi souwuel vun der Geschécklechkeet vun engem Spiller wéi och vum Zoufall bestëmmt ginn, zu Lëtzebuerg?
    • Falls d’Justizministesch d’Legalitéit bestätegt, kann Si och confirméieren, datt dës Spiller ouni Autorisatioun kënnen exploitéiert ginn, ënnert der Konditioun, dass de Bedreiwer beweise kann, dass d’Geschécklechkeet den Zoufall proportionell iwwerweit?
    • Falls d’Justizministesch d’Legalitéit ofstreit, wéi eng Inzidenz huet den Arrêt “Jastrow” op d’Gléckspillgesetz vun 1977 an wéi mussen déi zwou Normen matenee gelies ginn?

Fro n°3141

Verlaf an der Chamber

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.