Connect with us

Questions parlementaires

Schléissunge vu Gemengen duerch de Covid-19

Duerch déi nei Hausse vun de Covid-19-Neiinfektioune ginn och d’Gemengen ëmmer méi an hirem Fonctionnement beanträchtegt, entweder, well d’Gemengepersonal oder politesch Vertrieder positiv op de Covid-19 getest ginn oder, well si präventiv a Quarantän musse goen. An der Gemeng Réimech, zum Beispill, gouf virun e puer Wochen ee Gemengerot ofgesot, well 2 Persounen am Gemengenhaus positiv op de Coronavirus getest goufen. Dës Weideren, gouf d’Gemengenhaus fir eng Zäit zougemaach. 

Wann de Gemengeservice muss zoumaachen, si vill Biergerinnen a Bierger an der jeeweileger Gemeng betraff, well si hier Demarchen net kënne maachen. Och verschidden Decisiounen, déi eng Gemeng nëmmen duerch de Vott vum Gemengerot huele kann, ginn op onbestëmmten Zäit ausgesat, wann dorobber gewaart gëtt, datt de Gemengerot physesch kann zesummekommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gëtt aktuell séchergestallt, datt d’Gemengen all hier Servicer weider kënnen ubidden, och wann se Covid-bedéngt hier Diere muss zoumaachen?

  2. Wat d’Gemengerotssëtzunge betrëfft, wär et net endlech un der Zäit, datt d’Schäfferéit de Gemengeconseilleren de gesamten Ordre du Jour am legalen Delai vu 5 Deeg an digitaler Form (zum Beispill iwwert de SIGI-Drive) zoukomme loossen an och Gebrauch maache vun der Videokonferenz déi duerch d’ofgeännert Gesetz vum 24te Juni 2020, erlaabt gouf? Ass d’Ministesch der Meenung, datt méi Gemengen op den digitale Wee misste goen?

  3. Aktuell ass et nach Usus, dass d’Deliberatiounen am Gemengerot ënnert Papeierform ronderëm gereecht a vun de Gemengeconseilleren ënnerschriwwe ginn, wat d’Infektiounsgefor duerch de Kontakt tëschent de Persounen erhéicht. Ass et der Ministesch no méiglech, dass d’Ënnerschrëften aktuell scho kéinten digital op d’Dokumenter opgedroe ginn (no den eIDAS-Krittären), wann ee Gemengerot iwwer Videokonferenz stattfënnt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3115

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert