Connect with us

Questions parlementaires

Masseniwwerwaachung duerch den Trojaner „Pegasus“

Laut den Erkenntnisser vun engem internationale Journalistennetzwierk, deenen, ënnert anerem, Journaliste vun der Süddeutsche Zeitung an The Guardian ugehéieren, wier d’Trojaner-Software „Pegasus“ op Handye vu Journalisten, Mënscherechtsaktivisten an Oppositiounspolitiker erëmfonnt ginn. D’Software gëtt vun der israelescher Firma NSO ugebueden an ausschliisslech u staatlech Institutioune verkaf, déi an der Terrorismusbekämpfung aktiv sinn. Den ëffentlech zougänglechen Informatiounen no kann dësen Trojaner op Handyen installéiert ginn, ouni, dass de Besëtzer dovunner eppes matkritt. Esou kënnen d’Affer effektiv ausspionéiert ginn, ouni, dass si eppes dovunner matkréien. Wëssenswäert ass och, dass dës israelesch Firma eng Filial zu Lëtzebuerg huet. Den däitsche Journalisten-Verband schwätzt an engem Communiqué vun engem weideren Iwwerwaachungsskandal a fuerdert eng Opklärung an deem Dossier. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi kënne Journalisten, Aktivisten oder Politiker hei am Land sech géint esou eng staatlech Iwwerwaachung wieren?  Wéi eng Instrumenter stellt d’Regierung hei zur Verfügung?

  2. Existéiere Relatiounen tëschent der Firma NSO (inklusiv den Duechter- a Mammegesellschafte vun der NSO) an iergendwelleche lëtzebuergeschen Institutiounen?  Existéiere Relatiounen tëschent de Firmen, déi op folgendem Link zesummegestallt goufen (https://justpaste.it/PegasusProjectLux) an iergendwelleche lëtzebuergeschen Institutiounen?

  3. Kann d’Regierung aschätzen, ob d’Iwwerwaachungsattacke mat der Software Pegasus Verbindunge mam Standuert Lëtzebuerg hunn?  Kann eng Bedeelegung vum Standuert Lëtzebuerg ausgeschloss ginn?

  4. An der Äntwert op d’Fro n°156 haten d’Ministere geschriwwen, se géifen sech op europäeschem Niveau fir eng méi staark Kontroll vum Export vu Cyberiwwerwaachungsinstrumenter asetzen. An engem Interview mat der Zeit vum 19te Juli 2021 bewäert den Edward Snowden dës staatlech Initiativen als ineffikass: “Ganz offensichtlich haben unsere Regulierungsmaßnahmen versagt. Seit zehn Jahren hat sich Europa gedacht: „Vielleicht können wir das ja kontrollieren, vielleicht lässt sich das Problem mit Exportkontrollen lösen?“ Heute jedoch sehen wir, dass die Exportkontrollen voll und ganz an der Aufgabe gescheitert sind, die Auswirkungen zu kontrollieren, die die kommerzielle Malware-Industrie für die Öffentlichkeit hat. Und wenn Ausfuhrkontrollen und leichtere Regulierung nicht funktionieren, dann müssen wir über ernstere Maßnahmen nachdenken. Dieses Problem lässt sich meiner Meinung nach nur lösen, wenn wir den Handel mit dieser Art von Technologie mit einem globalen Moratorium belegen.” Wéi positionéiert sech déi aktuell Regierung zu senger Bewäertung? Wär d’Regierung Demandeur fir esou ee globale Moratorium unzefroen?

  5. An der nämmlechter Äntwert hat d’Regierung och geschriwwen, dass si, am Kader vum Koalitiounsaccord, d’Sorgfaltsflicht vun zu Lëtzebuerg ugemelltene Firmen „studéiere“ wéilt:  “Dans son programme pour les années 2018 à 2023, le gouvernement luxembourgeois s’est en outre engagé à étudier la possibilité de légiférer sur le devoir de diligence pour les entreprises domiciliées au Luxembourg, dans la mesure où un tel devoir de diligence représenterait une mesure complémentaire au Plan d’action national susmentionné.” Wéi wäit ass d’Regierung mat dësem Studium a wat sinn déi éischt Erkenntnisser? Inwiefern géifen dës ugeduechte Moossnamen d’Aktivitéite vun enger Filiale, wéi déi vun der NSO, affektéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4692

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert