Connect with us

Questions parlementaires

Ausspionéiere duerch Pegasus (partie urgente)

Laut den Erkenntnisser vun engem internationale Journalistennetzwierk, deenen, ënnert anerem, Journaliste vun der Süddeutsche Zeitung an The Guardian ugehéieren, wier d’Trojaner-Software „Pegasus“ op Handye vu Journalisten, Mënscherechtsaktivisten an Oppositiounspolitiker erëmfonnt ginn. D’Software gëtt vun der israelescher Firma NSO ugebueden an ausschliisslech u staatlech Institutioune verkaf, déi an der Terrorismusbekämpfung aktiv sinn. Den ëffentlech zougänglechen Informatiounen no kann dësen Trojaner op Handyen installéiert ginn, ouni, dass de Besëtzer dovunner eppes matkritt. Esou kënnen d’Affer effektiv ausspionéiert ginn, ouni, dass si eppes dovunner matkréien. Wëssenswäert ass och, dass dës israelesch Firma eng Filial zu Lëtzebuerg huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Existéiere Relatiounen tëschent der Firma NSO an iergendwelleche lëtzebuergeschen Institutiounen? 

  2. Kann d’Regierung ausschléissen, dass och Journalisten, Aktivisten oder Politiker zu Lëtzebuerg vun dësem Iwwerwaachungsskandal betraff sinn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4685

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert