Connect with us

Questions parlementaires

Reclassement bei der Police

D’Regierung huet am Koalitiounsaccord festgehalen, dass se virhunn, fir eng déifgrënneg Analyse maachen iwwert de Karriäresystem bei der Police duerchzeféieren.  De Karriäresystem muss op de Leescht gehol ginn, ënnert Anerem, well ee Geriichtsuerteel vum Verfassungsgeriicht (Arrêt n°174 den 9ten Dezember 2022) festgehalen hat, dass de Mechanismus vun der Voie expresse ongerecht ass, well eng d’Prinzipp vun der Gläichheet virum Gesetz net respektéiert. Dat neit Policegesetz, dat den 1ten August 2018 a Kraaft getrueden ass, hat am Artikel 94 eng speziell Prozedur (d’Voie expresse) virgesinn, mat där d’Polizisten an eng méi héich Karriäre wiessele kënnen, wa si genuch Berufserfahrung noweise kënnen. No där Reegel konnten Polizisten zum Beispill vum C1 an de B1 wiesselen. Dës Reegel ass, wéi gesot, vum Geriicht gekippt ginn. Am Juli 2023, kuerz virun de Chamberswalen, hat den honorabelen Deputéierte Léon Gloden ee Gesetzesvirschlag (n°8280) agereecht, fir de Polizisten am C1 de Sprong an den B1 z’erméiglechen. Den honorabelen Deputéierten gouf am November 2023 den zoustännege Ressortminister fir d’Police ginn a ka soumadder seng Iddi mat enger Majoritéit an der Chamber ëmsetzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Et zirkuléieren Gerüchter an der Police, dass de Minister säi Gesetzesvirschlag wéilt zeréckzéihen. Kann de Minister dës bestätegen?  Falls jo,  • aus wéi enge Gronn hält d’Regierung net um Gesetzesvirschlag fest? • wat wëll ee par Rapport zu dësem änneren? • falls een neie Gesetzesprojet soll op den Instanzewee geschéckt ginn, wäert de Minister u senger Grondiddi aus dem Gesetzesvirschlag festhalen?

  2. Den deemolegen Deputéierten hat, wéi een am Gesetzesvirschlag n°8280 noliese kann, vergiess, fir eng Fiche financière beizeleeën, fir eis ze soen, wéi vill Suen am Staatsbudget misste virgesi ginn, fir seng Iddi ze realiséieren. • Wéi vill Polizist:innen si vum Reklassement betraff? • Wéi vill Sue missten am Staatsbudget virgesi ginn, fir de Reklassement, sou wéi en am Gesetzesvirschlag 8280 virgesinn ass, ze realiséieren? 

  3. An der Chamberssitzung vum 12te Mäerz hat de Minister op eng mëndlech Fro vum honorabelen Deputéiérten Kartheiser bestätegt, dass hien et scho Reunioune zu dësem Thema gouf den 12te Januar, 19te Februar an 8te Mäerz.  • War d’Personalvertriedung bei dëse Gespréicher involvéiert? Falls jo, wéi eng Personalvertriedung war mat dobäi? • Wäert de Minister d’Personalvertriedung bei der Léisung vum Problem aktiv mat abannen?

  4. An der Chamberssitzung hat de Minister och mëndlech verséchert, dass hien zu sengem Engagement steet.  Wäert de Minister all déi Punkten, déi hien am Gesetzesvirschlag 8280 de Polizist:innen versprach huet, ëmsetzen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 561

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert